Ee Stativ ass ni falsch, och oder grad bei statesche Motiver... 1/60 Sekonn kann heiansdo schon ze laang si fir d'Vibratioune vum Spigel nach matzekréien an d'Foto liicht ze verwackelen.
Souwisou ass eng Blend wielen eng Wëssenschaft fir séch... Do huet jidereen sou séng Iddien dozou...
dei doten Foto as mat Stativ gemach, ech machen meng Fotoen an aalen verloosenen Gebeier emmer mat Stativ well et jo do och heinsdo mei deischter as. Dat mat der Blend........ naja dat as bei mär emmer sou eng Saach
Jo, jo, mat eise vollautomatesche Knipsen, déi en plus nach den ISO wiele, wéi et grad passt, si mir schon e bësse lidderech a liichtfankech. Eigentléch misste mir fir sou Motiver den Tout manuel grondsätzléch privilegiéieren. (Ech maachen et och nët...)
Blend? ... Do huet een den Detail ganz dran ... an awer desen Mood dran kreien wann een Well... Den Shantideva ass leider net mei do... awer den Zerebruz
gtaddei1 merci fir deng Uregung an deng Info ech mengen ech brauch do nach e bessen Nohellef ech kreien dat och net emmer sou hin wei ech dat gären hätt. Et war e Versuch