Richteg flott presentéiert Nico esou an der Serie mam Negativ. An lo ? Film dran a lass si waard jo nëmmen drop fir eraus an den Asaatz. Et muss jo net onbedenkt de Valais sin
Hues du gesi, wéi vill Astellungsméigléchkeeten déi huet? Do misst ech dach am Moment mindestens een 800er Film dramaachen. Wat kann een dann do als Highspeedfilm am Rullfilm nach um Maart fannen?
Daat ass jo e richtege casse-t?te: Kodak Portra 800 farweg ass tip top oder Trix 400 op 800 gtepuscht, eventuell ilford delta 3200, deen huet effektif n?mmen 1250 iso a get och esou a mengem Labo entweckelt. Hun awer elo keng Erfahrung domat am Rullfilm just am 35er film an do hun ech keng esou gut Erfahrung gemach, zevill Grain
Merci fir déng Informatiounen. Ech kucke mol, fir eventuell bei méngem Fotogeschäft vum Vertrauen ze froen, oder bei deem Internethändler mat "a" ze kucke, wat deen huet.
Du fënns daat och op der Escherstross am Fotogesch?ft oder bei eisem sponsor, natierlech och an Amazonien oder am Internet bei Fotoimpex di hun e riese choix
Ech hu lo grad Ilford 1 HP5 plus 120, Ilford Delta 3200 120, Ilford FP4 Plus 120, Ilford 400 XP2 Super Film 120 am Urbësch vu Südamerika bestallt. Fir dat entwéckelen ze loosse, brauch ech een, deen dat kann, an da kaafen ech da bei deem op der Plaz nei Filmer ouni mussen durch d'Welt ze reesen...
Eng aal Foto-Bauereregel beseet: "Die Sonne lacht - nimm Blende acht"
Dëst wor seinerzäit bezun op eng Empfindlechkeet vun ISO25 a beliicht mat enger Verschlosszäit vun 1/125 Sekonn. Mat engem handelsübleche Film vun ISO100 oder ISO400 kanns de ouni weideres a ganz ville Situatiounen mat där Maschin Biller machen, och bei enger Blend vun 11-16
Fachgeschäfter gin ëmmer manner, wéi ech dem Georges awer och schon virun e puer Deeg geäntwert hun, bei engem bekannte Fotohändler op der Escherstrooss kris de nach praktesch all Film, an bitt op Wonsch och ee professionelle Entwécklungsservice un.
Et get awer warscheinlech och nach anerer, ech wëll op dëser Plaatz keng Reklamm machen..
Ah! Dofir hun ech mat méngem Papp sénger Agfa Silette fréier mat 12 bis 15 Joer (wou ech du méng Canon A1 krut) sou gudd Fotoe gemaach. Deemols hun ech méch un dat gehaale, wat op de Këschte stoung, wou d'Filmer dran agepakt waren. A virun allem hat ech deemol quasi nëmme mat DIN-25 (also ISO 100) geknipst.
Merci fir de Link. Mais wat maachen ech da lp mat deem schnelle Film, deen ech bestallt hun?