Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The cabin

 
All Fotoen an dëser Serie:
46467 Thumbnail
46468 Thumbnail
The cabin
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.10.2018
  • Gekuckt:
    52424
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Originaldatum:
    13.9.2018 18:21
  • Fotoapparat:
    Canon 7D
  • Objektiv:
    EFs 24mm 2.8 pancake
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:
kaal Fanger, kaal Nues, kaal alles :D

Fir anzesetzen: [pg_img=89491]
Kommentar vum Fotograf:
Norbotten County, Sweden. 10 Deeg am spéiden September mam Rucksaak zwescht Nikkaluokta an Abisko ennerwee - et ass Hiescht am Fjäll an d'Wieder ass graff. Dest war déi eenzeg Nuecht an engem herrlech comfortablen (an waarmen) Kaskavagge Refuge.
rosch2014 03.10.2018 - 09:08
Eng ganz schein Serie. Di mat der Hütt as mein Favorit. Super.
OK-Photography 03.10.2018 - 17:12
et ass een eischten Androck, hunn nach puer Fotoen an der Täsch déi an den nächsten Deeg wärten nokommen.....
Merci fir den Feedback, ech hunn déi mol als Coverfoto agestallt.
t-ren 03.10.2018 - 20:00
daat ass menges daat do, genial Fuarwen, Pflanzen direkt vir droen zur Vignette bei, flotten Bildopbau, do keint ech stonnelang hinkucken.
Merci ech freen mech op dei nächst smile
gemu 04.10.2018 - 07:47
Di éischt gefällt mer excellent mat deem wonnerbar farwegen Planzenteppech deen an de Refuge féiert
Jean-Jos 04.10.2018 - 22:47
Spannend duerch déi liicht saturéiert Faarwen, déi flott bei dat Groot vun de Steng passen. Déi 2 Point de Vue'en si gelongen!
OK-Photography 05.10.2018 - 13:23
dFaarwen sinn zimlech original-beloss, d'Landschaft bidd extrem Kontraster (mat feierrouder Vegetatioun zum Deel) - allerdings ass d'Faarwpalette eischter brong-giel-orange-gro, vill Gro wann den Himmel bedeckt ass...

Hunn probeiert d'Stemmung sou gudd wei méiglech festzehaalen - freet mech dass se dir gefaalen!
minimax 05.10.2018 - 12:00
Eng Gelongen Fotoserie ! Mir gefalen se virun allem gutt, well hei den Portrait Format vill besser passt !

PS. ass dat Waasser do wierklech sou blo ? surprised
OK-Photography 05.10.2018 - 13:26
ass eischter rare dass ech den 1:1 op eng Landschaft ugepasst kréien, ma déi heiten Plaatz hat sech sou erginn (virunallem och weinst der Wiel vum Objektiv)...
D'Wasser ass Gletscherwaasser, huet eng liicht turqouise Fierwung, virunallem wann et am Séi ukomm ass - d'Kontraster sinn verstärkt, doduerch setzt et sech vun der vermeindlech "warmer" Landschaft oof an wierkt nawell zimlech blo bigsmile
marischen 05.10.2018 - 14:20
Genial, virun allem déi mam Haus wat mam Dall vun den zwee Bierger am Hannergrond op enger Linn läit... an déi Faarwen... Mega! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 350 Gäscht online