Ach, ech sin nostalgesch! Wat waren dat nach Zäite, wéi dëse Kommentar regelméisseg op PG opgedaucht ass...
Du schreifs zwar Diner for one, mais wat soll eeen do iessen? Kee Stull, keng Vaisselle, keng Couvertën, näischt außer eng Fläsch Wäin, wou och nach näischt dran ze si schingt. Schéin desolat, dat doten. Dat depriméiert, an awer passt et irgendwéi an d'Zäit: Op den éischte Bléck ass alles paletti, akurat a propper, mat engem Hauch vu Luxus (ët geet eis jo nët schlecht), awer no an no mierkt een dach, datt e puer essentiel Saache feelen.