Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Eenzelgänger..

Eenzelgänger..
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (05.07.2018). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.07.2018
  • Gekuckt:
    59439
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    15 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    +1/3 EV
  • Gréisst:
    1200x806
  • Späicherplaz:
    437 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2015
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=89342]
Kommentar vum Fotograf:
..an der Matter Vispa, déi no engem kräftege Schluet Reen zimlech dréif war.
Johny 05.07.2018 - 22:56
D'Leit misste sech méi traue sou Fotoen ze maachen. Flott simplistesch.
Metalbambi 06.07.2018 - 21:51
absolut!
marker 08.07.2018 - 08:03
Dat freet mech hei ze liesen. Merci Dir.
Jean-Jos 05.07.2018 - 23:01
pure flow
marker 08.07.2018 - 08:04
..Yes. Thx a lot, Jean-Jos.
Metalbambi 06.07.2018 - 21:58
Schéin minimalistesch, bal komplett abstrakt, super cool!
Ech hunn grad nach en bëssen drun rondremgespillt well mer en bëssen Gläichgewiischt feelt, an mier gefält et ob mannst mol besser wann am Waasser d'Déiften en Stéck méi däischter sinn, also Déiften gutt rof, an dann d'Héischten nees en Stéck zréck. Dat ass awer lo meckeren ob ganz héichem Niveau...
marker 08.07.2018 - 08:24
Bei dësem Bild sin ech e bëssen anerer Meenung, fir mäi Goût waren am original d'Déiften am Waasser ze däischter an ech hun déi selektiv ugepasst, vu dat d'Waasser dee gréissten Deel vum Bild ausmecht an op mech e bëssen erdréckend gewiert huet. Esou fannen ech den eenzelnen 'däischtere' Steen méi isoléiert. Et ass natierlech alles eng a.d.g.
Ech lueden nach eng Versioun mat duebele Steng erop, wou ech d'Déiften aneschters ugepasst hun, vu dat ech domadder de flow vum Waasser besser konnt betounen.

Et mecht emmer nees Freed eng konstrutiv Analyse plus Meenung vun engem Bild ze liesen, an dofir Merci gesot.
Metalbambi 08.07.2018 - 09:57
Hunn mer grad dei aner Foto ugekuckt, dat wier hei wierklech ze däischter, do hues du vollkommen Rescht. Mier bräichten mei Virstellungskraft vun enger absoluter Hellegkeetsskala vir dat do ze diskuteieren, oder ech schecken der d'Foto wei ech mer et virstellen geif... bigsmile

Emmer gäer!
marker 12.07.2018 - 11:27
No ronn 30 Joer analog SW-Fotografie, meeschtens nom Zonensystem kritt ee schon e gewësse Gespier fir Tounwerter, an esou versichen ech entretemps meng SW-Digitalbiller och dono auszerichten. Et ass allerdings ganz vill Intuitioun mat dobei, an esou verschaffen ech d'Biller dann no perséinlechem visuellem Androck.
D'perséinlech Stëmmung spillt och ee ganz grousse Faktor, an esou kann et sin, dat een e Bild wat engem nach geschter super gefall huet, haut géif aneschters verschaffen..!!

'' Mier bräichten mei Virstellungskraft vun enger absoluter Hellegkeetsskala vir dat do ze diskuteieren '', ..domadder hues de secher Recht, well dat ass absolut net einfach a ganz komplex.
Metalbambi 13.07.2018 - 00:49
Fannen souwisou dat oft ze vill no Reegelen an Theorie geschafft gëtt an genau deen perséinlechen visuellen Androck ob der Streck bleift... à la lo 'gesäit et zwar langweileg aus, mee dofir ass et awer am gëllenen Schnëtt'.
Dat d'Bild engem den Dag drop net méi gefält geschitt mier haaptsächlech wann ech experimentéieren der stonnelaang un eppes schaffen an ech dann net mierken wéi et lues awer sécher too much gëtt...
marker 13.07.2018 - 13:24
Yes, absolut mat dir d'accord.
Conley 06.07.2018 - 23:41
Eenzelgänger..ass fir mech een T-Rex matt de Konturen. Maul an´t Aa sinn och ganz gut ze erkennen. Exzellent gewiesen! Matt der BEA kann een Secher nach spielen. Gefallt mir awer och esou schon ganz gut!

PS. Deng Zaitmaschin ging ech ganz gären eng kéier benotzen. smile
marker 08.07.2018 - 08:29
..esou kann een et och gesinn smile

Merci fir däi Kommentar, a mech freet dat d'Bild gefällt.


gemu 09.07.2018 - 08:37
Excellent Marc, Gratulatioun
marker 12.07.2018 - 11:31
Merci fir d'Gléckwënsch Georges, dat freet mech.
t-ren 10.07.2018 - 22:23
ganz einfach flott, Gratulatioun
marker 12.07.2018 - 11:34
Och dir fir d'Gléckwënsch Merci gesot t-ren, mech freet et.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 341 Gäscht online