Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sauer / Bungerefer Millen

 
Sauer / Bungerefer Millen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.05.2018
  • Gekuckt:
    41208
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/320
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x754
  • Späicherplaz:
    1002 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D7100
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89217]
Kommentar vum Fotograf:
Läschten Upload virun 2 Joer gemaach... :/ Gëtt mol rem Zäit.

Hei mäin traurege Versuch eng super Vue festzehalen während engem Tour um Naturpur-Pad (Start bei der Misèresbréck, absolut ze recommandéieren!)
pixelman 02.05.2018 - 08:44
De Focus leit eendeiteg op dem gringe Streifen lenks, do hätt ech enen a riets e bessen gekroppt.
marischen 02.05.2018 - 10:19
Merci, mee wat hätt dat bruecht? Ech wollt am fong sou vill wéi méiglech vun der Landschaft dropkréien, da ginn ech ongäer säitlech eppes wechschneiden smile (Ënnen hat ech iwrigens schon en Deel wechgeschnidden)
gunman 03.05.2018 - 08:59
Ech fannen sie rauscht e bessen, waat mech wonnert, well et wor jo awer vun der Belichtung hier genug Lucht do.
Du mechs keng Angaben iwert den Photoapparat ? Ass et vielleicht eng Handyphoto ?
Croppen géif ech se net, éischter den Himmel am Photoshop austauschen (mais daat ass net jidferengem sein Béier).
marischen 03.05.2018 - 09:09
Ech hunn d'exif'en dobäigesat. Himmel austauschen maachen ech extrem ongaer smile Gesäit meechtens onnatierlech aus.
Jean-Jos 25.05.2018 - 22:39
Eigentlech misst de mat däerer dote Brennwäit eng méi duergehend Schäerft hun.
Wann ech däerf éierlech sin: d'Foto ass nët berauschend, awer! si huet gutt Usätz, z.B. wäer ech hei wahrsheinlech higangen an ech hätt just déi Insel mat hirem Reef an d'Bild geholl, probéier emol esou esou e Crop. Och der Fotobeliichtung hätt dat gutt gedongen closed_eye
marischen 27.05.2018 - 09:23
Merci fir deng éierlech Aschätzung. Ech sinn do wuel op meng eegen verzerrten Wahrnehmung ragefall. Et ass eben oft ganz einfach onméiglech d'Realitéit an engem Bild anzefänken, heinsdo läit et um Material, an desem Fall awer éischter un de Kompetenzen vum Benotzer closed_eye Wat hei genau schief gang ass weess ech net (ech schätzen mol op liicht verwackelt) an och de Cadrage ass net super. Nächst Kéier eventuell e Panorama? Weider cropen maachen ech d'Foto awer léiwer net, ech loossen se lo mol sou stoen, als Mahnmal closed_eye
Jean-Jos 31.05.2018 - 22:42
Also Mahnmal, esou schlëmm ass et wierklech nët bigsmile
Eigentlech ass och däi Gesamtbild vunm Ausschnëtt hir gutt, awer d'Luucht passt nët dofir.
D.h. du muss eemol Moies fréih oder vläicht owes kuerz virun der bloer Stonn dohinner goen: wëll ech nët genau weess wou et ass, kann ech och nët soen wéini gutt ass, awer een Tip: kaaf der d'App "PhotoPills (zirka 10 EUR), déi seet der genau, wanns de entzwousch bass, wéini d'Luucht gutt ass . . .

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 283 Gäscht online