Eng blo Libell. Wéi se genau heescht wees ech net, hun mol gegoogelt mee do gett et der sou vill déi sech ähnlech sin. Denken mir awer hei gett et deen een oder aaneren deen et wees.
Dat misst eng Hufeisen-Azurjungfer sinn, mat dem Objektiv an dem Cadrage net schlecht gewisen. Et fehlt awer un Schäerft. Di ouni e gutt Makro Objektiv mam Stativ leider net méiglech ass.
Dass een muss en Stativ gebrauchen fir eng optimal Schärft bei engem Makro stëmmt absolut guer net!! Ech selwer gebrauchen nie en Stativ, ausser bei Focus-Stacking an dann och nemmen wann et vill Fotoen sin. Wichteg ass nie mat Autofokus ze schaffen well deen trëfft nemmen selten den genauen Fokuspunkt! Makrofotografie geseit méi einfach aus wéi et ass, an et kann mol passéieren dass du en ganzen Moien dobaussen bass an net eng Foto dobei ass wou derwärt ass ze weisen!
En Stativ muss net onbedéngt sinn. Dalli klick, honnerten Photoen! An just e pur schaarf! Dat geet dann mat wéineg Photoen mam Stativ an Makroschlitt fir mech besser!
Wanns du als Ufänger vun der Makrofotografie vill Fotoen mechs, dann kriss du och Gefill fir Freihand ze fotograféieren! An wanns du wells Fotoen machen am spéiden Moien, dann warden Insekten net drop bis du déin Stativ opgestallt hues!
Déi Astellung an der Makrofotografie an engem Moien lauter top Fotoen ze machen ass komplett falsch!! En Gefill ze kréien fir sech un en Insekt erunzetaschten ouni dass et fort flitt, dat ass eng Erausfuederung an wanns du fill Fotoen Freihand mechs dann kriss du dat richtecht Gefill dofir, an brauchs vielleicht nemmen e puer Fotoen wou eng derbei ass wou Schärft stëmmt! Eng gewessen Konscht ass en Makro Freihand ze knippsen, och wann en Insekt do setzt wou een net mat engem Stativ hin kennt. An dann deen Dalli klick wous du do schreiws ass jo kompletten Quatsch. Ech sin am Ufank oft Fotoen machen gang wou net eng gudd derbei war an hun et awer net opgin. Mettlerweil beherrschen ech et zimlech gudd Freihand ze fotograféieren. Mee jiddereen mecht do wéin een well
Am fréien Moien bei der richtegen Temperaturen bleiwen se jo awer setzen. Se ze fannen an se an dem richtegt Liicht ze Fotograféieren ass och dann net einfach. Nolafen maachen ech net, ze vill Natur gëtt do zerstéiert. Jiddereen soll do maachen wéi een well. Woubäi ech mir sécher sinn dass de Natur, virun eng gutt Foto stelzt.