deng Foto ass baal net ze toppen, Style an di Feinhéten sin aussergewéinlech. Huelen un dass deng Serie och aanerwärts weis wou méi en liewegen Austausch vun Ideen stattfend. Photogen ass en Auslaafmodel, huet och kee Wärt hei zefill Zeit ze verschwenden, daat brengt dech net weider !
Nee di weisen ech just hei. Wéi den Nicon07 schreift, ass et mir och de Moment ze Zäitintensiv. Freeën mech iwwert däin Kommentar an deng Beuerteelung vun der Foto. Merci pixelman!
A wann et di läscht Foto sollt sin, déi's du hei duerfs weisen, dann ass et bestëmmt eng vun deene beschten, déi je hei gepost gi sin. Fir méch ass dat hei d'Wochefoto hors concours.
Ech fannen et komesch, datt ëmmer méi User bäikommen an et der mëttlerweil schons wäit iwwer 100 sin, a wann een dann d'Skills kuckt a virun allem d'uploads vun deene rezente User, da freet een séch op do net deelweis e Bot um Wierk ass. Oder ass dat ee weidert Indiz vun eiser komplett deboussoléierter Welt, wou een séch einfach sou mol an engem Sozialen Netzwierk umellt "fir ze kucken", an dann näischt méi..
Ass et dann net éichter well et schon baal eng Aart Däiwelskreeslaaf ass? Et mellt een sech un, et mirkt een dat net vill leeft, an dann ass een selwer schon manner motivéiert eppes ze maachen, wann een en puermol gemierkt huet dat net vill Feedback kennt?
Dat ass ganz sécher richteg, @sandra_point, mais et wier jo awer eigentléch dann och un deenen neie User, mol bei deenen "aalen Huesen" e puer Kommentarer ze schreiwen. Oder einfach ënnert séch ze "chatten". Bestëmmt kommen se sou dann éischter an d'Community ran. Ech denken awer virun allem un déi, di 0 skills hun. Déi hu jo mol nach net ee Kommentar ofgin. A keng Foto gewisen. Wéi ee mat deenen an d'Gespréich kënnt, dat wéist ech awer mol gären. OK, et kann een op hirer Profilsäit ee Kommentar schreiwen, mais wann och do näischt steet, wat se wëllen iwwert hir Persoun an hire Bezuch zur Fotografie veroden, dann ...
Awer fir et mol mi positiv ze gesin: Ech sin och online an enger Mega-Community, wou extrem vill lass ass, an awer sin ech do een Nobody mat enger Handvoll "Followers" oder "Buddies". Do muss de och andauernd on sin, an irgendeppes schreiwen, soss bass du do och no e puer Deeg nët méi "kommentarwürdeg", wanns du eppes Neies roplueds. Mais do gët et awer Leit, déi kréie bei deem gréisste Schund oder der 100.000ster Variatioun vun engem Motiv zeg bis honnerte vu Kommentarer am Stil "Nice pic", oder "Perfekt in Szene gesetzt", an dovunner kann een séch dann och näischt kaafen. Dann hun ech léiwer ee rouege PG, an heiansdo komme richteg Kommentarer, wou ee mierkt, datt séch de "Kuckert" mat der Foto beschäftegt huet, eet hien säi Comment geschriwwen huet.
Ech gesi lo grad, datt ech eng 0 zemann getippt hun uewen. Ech wollt eigentléch 1000 schreiwen, mais ech mengen, dat huet jifereen hei och verstaanen. 100 no souvill Joer, wier wierkléch e bësse "roueg"...
Ech erlaabe mer kuerz dorobber ze äntwerten. Ech hunn mech virun enger Zäit bei Photogen ugemëllt (2012) a gehofft, hei duerch Kommentarer, Ureegungen asw. mäin Level an der Fotografie ze steigeren. Mä:
1.Leider krut ech kaum Feedback an hunn ganz seier d'Gefill gehat et wär en Innercircle vun 10 Leit dei sech geigensäiteg hier Fotoen kommenteieren. Do hunn ech och nach bei enger Foto gelies, dass (ech wees et elo net méi auswenneg, mä esou ähnlech ewei): "dei ganz schlecht Fotoen kommenteiert ginn an déi ganz gudd, déi derteschent jiddfereen iergendwei kaal loossen". Ech selwer schätzen méi kënnen ob net immens grouss an, mä wahrscheinlech just iwwer dem Seuil wou se als ganz schlecht wouer geholl ginn....
2. Et gesäit hei mat momenter dono aus, wei wanns de misst Villercher fotografeieren fir wouer geholl ze ginn. Natierlech sinn gudd Naturfotoen schweier ze scheissen an erfuerederen Gedold, Kënnen, MAitrise vun der technique (an e gewesst Equipement), mä dat schreckt of.
Wat s du do schreifs ass ganz richteg. An ech muss dir gestoen, datt ech méch och zu deenen zeieln, déi's du hei uschwätz. A fir déch direkt ze berouegen, ech sin elo net ageschnapt oder béis doriwwer. Am Géigendeel, ech fannen et gudd, datt s du dat mol seess, well op mannst fir méch zielt dat do sécher. Ech kommentéieren effektiv och bal nëmme bei deenen, déi ech virtuell hei kennen. An dat ass ganz sécher net gudd, wann ech net och mol bei aaner eppes schreiwen.
Zu déngem Zitat, datt just schlecht a ganz gudd Fotoe Kommentarer kréien, wëll ech dest froen: Ass dat dann net normal, datt ee bei korrekte Fotoen, déi engem gefalen, mais di awer trotz exzellente Qualitéiten, näischt Neies, oder näischt Bemierkenswertes erzielen, net automatesch ëmmer "schéi Foto" oder sou schreift? Domadder hun ech net gesot, datt Fotoen "dertescht", wéi's du dat nenns, automatesch net gekuckt oder vum Internaut analyséiert gin. Et ass, denken ech, zum Deel och eng Art "trop plein", déi séch am Netkommentéiere bemierkbar mécht. Sou nom Motto: Ok, eng ganz gudd Foto, technesch an der Rei a vum Bildopbau virbildléch, mais dat do huet ee schon zevill dacks gsein, datt et een nët méi zu Begeeschterungsausbréch animéiert. Ass dat elo richteg oder falsch? Ech géing soe, vu béidem e bëssen: De Fotograf hätt gären eng Reaktioun, eng Bestätigung, datt hie säi Metier no an no besser beherrscht, a wëllt vläicht Ureegunge, wéi een di Foto nach aanescht hätt kënne maachen. An de Kuckert denkt: Wat soll ech deem do nach schreiwen, dee mécht säin Job jo méi wi uerdentléch. An do derzwëschend ass "Schweigen der Lämmer"
A mat der Villercherfotografie soen ech dir dat hei: Dat ass effektiv hei um Site eng Inflatioun gi, wou ech net onschëlleg dru sin. A wann een "erfekt Material" huet, da setzt een dat och gären an. Mais ech selwer mierken, datt ech am gaange si, méch do an déi Richtung ze verrennen, an dann deet et gudd, mol opgerëselt ze gin durch sou een zoutreffende Kommentar vun dir. Merci! Ech probéieren, mol aaner Saachen ze knipsen an Zukunft.
Hoffen dass et geschwënn erëm besser hei gëtt, och wann ech net vill dozou bäidroen kann . %uF04C
Merci NikonD80 freet mech dass Foto esou gutt gefält.
E super Bild. Eng kloer Struktur duerch de riichte "Stamm" an der Mëtt an ganz vill Dynamik a Spillereie ronderëm. Du hues et eraus mat den Drësen!
Ech hoffen net datt dat däi lescht Bild hei wier! Photogen huet vill un Dynamik agebéisst. Ech wëll net no Ursaache siche goen, et ginn der bestëmmt méi. Mee ech wëll drop hiweisen, datt Photogen eng Platform ass déi an deeër Form keng Alternativ huet. Mir huet Photogen vill bruecht, besonnesch wéi ech ugefaangen hu mat Fotograféieren an ech wëll dru gleewen, datt déi aktuell Flaute just passagère ass.
Hu mol jiddefalls wëlles mech net sou schnell découragéieren ze loossen! Avis aux amateurs!
Ech si quasi vun Ufank un als User bei Photogen mat dobei, an do gouf et schon eng yet Krisen, déi alleguerten iwwerstaane gi sin. Des Kéier wärt et net aanescht sin. Kapp héich! PG lieft durch eis Fotoen. Sou laang mir der roplueden, iwwerlieft PG.
Merci fir d´Analys vum Bild, an et freet mech dass et gefält jorsch! Ech gesinn dat genau esou wéis du et hei beschreifs. Soulaang et PG gëtt wäert ech sécher, zwar seelen nach Biller weisen.