D'Iddi u sech a jo ganz witzeg.....
Mee sou queesch vun uewen sprecht mech d'Foto net un.
Wéi wir et wanns de probéiert häss déi ganz Scene vun der Säit ze fotograféieren?
Waat heescht "just em deen"? Den Witz ass den Haaptsujet, ansonsten hun ech probeiert fier vill Detailer ran ze kreien an daat wier mer menger Meenung no ned gelongen wann ech se vun der Sait gemaa hätt. Wärt mer deng Idee awer mol am hannerkapp behaalen an eng keier probeieren fier den Ennerscheed ze kucken.
d'ESA par contre huet just eng "komech halefmoundförmeg Spuer am Sand" um Mars font.....kéint dodrun leien dass se vergiess haaten den Bremsfallschierm ze zünden....
d'Iddi ass top - hätt een awer nach mei Energie an dFoto keinten stiechen, Beliichtung bessi speziell gestalten, vlait mat der Déift spillen an deems de puer Géigenstänn (nach mei Mars niam!) an den Vierdergrond a/o hannendrun stells...
Zu der Foto: Mengs de bessen Sand ausleen? Ech wollt am Ufank eng Fotomontage drausmaan, d'NASA stellt io genuch Biller zur verfügung fier den Buedem mee ech mengen dann hätt ech d'Bild verschass (mai Photoshop können hält sech an deem Bereich a grenzen)
zBsp puer Steng verdeelen an dFoto ganz flaach huelen, virwaat net an enger Laangzaitbeliichtung dann kanns de bessi Luucht pinselen etc. - daat get dem Konzept méi Déift, du hues outoffocus Elementer herno mat drop an bessi speziell Luucht, an et geet weigesoot iwwert eng "platt" Foto eraus... (Ganz ouni Photoshop....)