Dat do mécht méch neess 40 Joer mi jonk, wéi ech mat méngem Bop mat sou engem Scania op Déifferdéng op d'Schmelz Schlake siche gefuer sin fir Feldweeër ze goudronéieren. Méngem Bop säi Camion hat ee wäisst Steierrad.
An dat erënnert méch och dru, wéi bei eis am Duerf deemols mat Atlas a Poclain Baggeren de Kanal geluecht gin ass. Flott ass op dëser Foto, datt deen Zuschauer do farwléch harmonéiert mat de Maschinnen.
An d'Denise B. aus der Gärtnerei wor déi Zäit och an dem Alter, an de berüchtegten Panama Charly, de misst de jo dann ebenfalls kannt hun, zumindest vu gesin...
Wonnerschéin Erënnerungen, eng Foto déi wierkt, an daat net nëmmen wéinst dem nostalgeschen flair, mee virun allem wéinst der faarwlech perfekt ofgestëmmter Dräieckbeziehung
Merci Georges fir de fav. Ech menge nët dass de Fotograf demols do drop opgepasst huet... a froen kann ech och nët méi, de gudde Mann huet schons längst daat Zäitlecht geseent...