Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Trauer ëm d'Sigi

 
Trauer ëm d'Sigi
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.10.2016
  • Gekuckt:
    22129
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    971x528
  • Späicherplaz:
    583 KB
  • Originaldatum:
    2015:07:24 05:40:19
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87220]
Kommentar vum Fotograf:
Leider kruut ech haut di traureg Nooricht, dass d'Sigi hei ënnert" FraSi" bekannt eis no enger onbarmhärzlecher Krankheet fir ëmmer verlooss huet
Hatt war eng super Fotofrëndin, et war begeeschtert vu Lëtzebuerg, a seng Architekturbiller ware just ze bewonneren,
ech kann et baal net gleewen, dass ech et net méi erem gesinn
Raypics 06.10.2016 - 06:44
Ech hun hat zwar net kannt mee daat do sin emmer schlecht Norichten. Mein Beileed!
mischii 06.10.2016 - 17:18
Merci Ray
gtaddei1 06.10.2016 - 09:29
Mein beileed... mat vill trauer
mischii 06.10.2016 - 17:17
Merci Gennaro, ech wollt dir iwregens nach soen, dass hat ganz begeeschtert war vun Dengem Buch.
gtaddei1 07.10.2016 - 16:03
ech wees dass du daat kaaf has fir him ze gin... an gleef mir et huet mir schon eppes ausgemaacht ... och wann ech sie nach nie gesin haat ...

wannste nach loscht an kraft fenns dann keinten mir ais och hai gesin...
http://dmillen.blogspot.lu/p/millegalerie.html

seng Fotoen woren och fir mech inspiratoresch ... ech waert e wuert an senger Erenerung soen lors du vernissage ...
mischii 07.10.2016 - 17:58
ech kucken mol, ob ech bis dohi kann Autufueren, ech hat d'Schlësselbeen gebrach, a sinn d'lescht Woch operéiert gin, wann et geet kommen ech.
Merci fir d'Invitatioun
gtaddei1 07.10.2016 - 18:07
wieste dech fills... soss eng aner Keier .. op deng Austellung

Nix guddes sech Clavicule ze briechen ... daat kenn alt wei doen unhappy
gemu 06.10.2016 - 10:10
Ech hun d'Sigi och net perséinlech kannt, ech hun awer seng Biller a Kommentarer hei op PG immens appréciéiert. Daat ze liesen deet wéi. Mäin Bäileed.
mischii 06.10.2016 - 17:16
Merci Georges
marischen 06.10.2016 - 12:10
Merci dass de eis dorob opmierksam mëss. Mäi Bäileed.
mischii 06.10.2016 - 17:16
Merci Marischen
Abacab 06.10.2016 - 16:38
Dat mecht een schonns nodenklëch...
Mäi Bäileed unhappy
mischii 06.10.2016 - 17:16
Merci Marc
ornitho 06.10.2016 - 16:43
Main Baileed un Famill an un seng Frenn an Kollegen !
mischii 06.10.2016 - 17:15
Merci Gianno
jorsch 06.10.2016 - 17:49
Ech hunn seng flott Biller a seng treffend Kommentarer scho vermësst.
Ech war erféiert an traureg ze héieren datt lo keng Fotoe vun him méi kommen.

Mäi Bäileed !

mischii 06.10.2016 - 19:18
Merci jorsch,
eis Rotterdamrees war och scho gebucht, déi hu mer am August annuléiert.
MsJarryman 06.10.2016 - 18:23
Och ech war ëmmer begeeschtert vu sengen S/W Biller. Trau.reg dat elo ze liesen. Mäi Bäileed
mischii 06.10.2016 - 19:16
Merci MsJarryman
Maimonides 06.10.2016 - 22:02
Ech war, wi su oft, erem eng Kéier
dem FraSi seng Galerie kucken.
Seng Architekturbiller
sin nach emmer exzellent.

An awer
hun ech
seng Prabbeliën
am Kapp.

Frei
mischii 07.10.2016 - 18:00
Charel, un dat do Bild hunn ech och geduecht.Et war eent vu senge Lieblingsbiller an et hung bei him doheem an der Entrée.
Durch seng schéi Biller ass hat hei nach ënner ons.
mischii 23.10.2016 - 04:04
Charel, ech sin lo just zréck vu Frankfurt a sengem Begriefnis, et war haart a schwéier ze begräifen,
anscheinend och fir hat, Metastasen, déi seng Schanken futti gemaach haaten, hat huet nee gesoot fir et ze verlängeren.
D'Bild mat de Präblien hun ech mattkritt an hängt elo bei mir als Erënnerung, et berouegt mech e bëssen.
Maimonides 23.10.2016 - 20:18
Michèle,

du selwer
hues ganz krass
Saachen erliewt,
a mir gefällt et

dass mir een
an deen aaneren
Prabeli hun.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 256 Gäscht online