Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hotel New York

 
Hotel New York
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.09.2016
  • Gekuckt:
    25492
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/14
  • Brennwäit:
    116 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    913 KB
  • Originaldatum:
    2015:12:23 10:39:34
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87064]
Kommentar vum Fotograf:
Hotel New York vun der Holland Amerika Lijn zu Rotterdam.
Vun hei si jorelaang hollännesch Emigranten an d'Nei Welt gestart.
Haut gëtt dat schéint Art-Déco-Gebai vun zweifelhaften Héichhaiser regelrecht erdréckt.
Metalbambi 17.09.2016 - 19:00
Gesäit zimlech futuristech an dystopesch aus, erënnert un eng Mëschung aus Tim Burton an Inception...
jorsch 18.09.2016 - 17:54
Merci Metalbambi.
Dem Tim Burton seng Cartooner a besonnesch seng skurril Animationsfilmer gefale mir och immens gutt.
Raypics 17.09.2016 - 21:46
Dei gefällt mer richteg gudd! D'Erklärung get gudd vun der Photo rem gin. Dei erdreckend Heichheiser dei vun lenks a riets Drock ausüben an den klengen Hotel awer net kleng kreien...Gott sei Dank! Och deng Verarbeschtung as gudd gelongen. Flott!
jorsch 18.09.2016 - 17:55
Merci Raypics. Si frou wann d'Bild dech usprécht an d'Technik der gefält!
gtaddei1 18.09.2016 - 00:15
WilhelminerPlein... Den Art Deco Steck liewt weider ... an der Architektonescher Revolutioun... D'Hollänner sin keng Sentimentaler ... Dei kucken no fir an dann get den Art Deco steck einfach englobeiert ... mé dofir net zersteiert an et ass och flott renoveiert ... En plus ... mat all deenen Heischhaiser do ... gesäit een dei Auer do enorm gudd

D'Foto ass genial
jorsch 18.09.2016 - 17:59
Merci gtaddei1, fir deng weider Informatiounen an deng Appréciatioun.
Hei ass d'Realitéit jo staark subjektiv interpretéiert, dat muss een uspriechen oder eben net.
gtaddei1 18.09.2016 - 18:00
do hueste recht
Nicon07 18.09.2016 - 22:05
Déi Bearbéchtung do iwwerzeecht! Alles ass kloer an däitléch. Mir kënnt et awer och sou vir, wi wann d'Hàichhaiser ënnert de Secousse vun engem Äerdbiewen séch diebelen an an ee Koup ze faale riskéieren, awer dat 100 jährecht Hotelsgebai stabil an "inébranlable" ass.
jorsch 19.09.2016 - 08:01
Et freet mech wann d'Bild deng Fantasi zu enger Geschicht ureegt.
A Merci och fir de Fav.!
Nicon07 19.09.2016 - 08:27
Dat ass jo den Zweck vun der Fotografie, Geschichten ze generéieren, oder? closed_eye

btw: Déng Phila-Foto huet ganz sécher hire Wochepokal verdingt, mais ech hat dir fir dës Foto hei méng Stëmm gin. Di hei huet eppes Extraes, wat di aaner net sou huet. smile
jorsch 19.09.2016 - 15:23
Merci Nicon07.
Mir ass di hei och méi wichteg, si ass méi perséinlech an emotional ... mee dat muss net jidderengem sou gefalen.
Zora 19.09.2016 - 19:19
eh ben, immens daat doen closed_eye
jorsch 19.09.2016 - 19:49
Merci Zora, och fir de Fav.!
Ech waarden net bis d'Gebaier verfalen, ech rappen se digital ëm. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 405 Gäscht online