Grouss Biblioteik an der Uni zou Dublin. Leider as keen Stativ erlabt gewiescht. An d'Luchtverhältnisser woren och net grad super. Kritik as gären Wellkomm.
Hei gett et menger Meenung no nemmen positives ze soen. 1/8s ouni Stativ an dann daat dooten Resultat: Respekt. Dovun ofgesin: Super Symetrie an ganz schéinen Bildopbau. Net ze schwetzen vun deem geballten Wëssen waat do an där Onmass vu Bicher stecht an hei irgendwéi och mat ausgestrahlt gett.
Ech wollt se eben duerchgängeg scharf hun. An mat 6400 as se mol guer net sou schlecht gin...mee du hues Recht. Ech hätt kéinten probéieren mat enger aner Blend mee wor scho frou dass ech weinsdens eng haat dei einergermossen ausgeriicht wor ouni dass een mat um Bild as.....wor Schwarz vun Leit dobannen. Dofier geseit een och keen Buedem.
An no denger Beschreiwung zou denger Foto wor demols och keen Stativ erlabt
Merci fier dein Kommentar
Ok da muss et awer enzwech anescht gewiescht sinn Mee sws och wann een erlaabt gewiescht wier, ech hätt keent derbäi gehat - du dann?
Nee 6400 ass elo net sou schlecht mee f9 schéngt mer halt trotzdem héich. Dat mat de Leit kennen ech, ech hu laang gewaard fir bei mir d'Käp vun de Statuten ënnen drop ze kréien mee keng aner Leit.