D'Farwen vum Hannergrond gefalle mer och gutt!
Et fehlt awer un Dynamik an den Flilleken, 1/1600 ass ze vill.
Probéier mol déi nächste kéier mat max 1/500,dann hues du déi néidech Dynamik an den Flilleken an geseit besser aus.
Beim Kadrage hätt ech se net grad esou mettech gesaat an vielleicht en Pano-Format gewiehlt an domat deen donkelen Deel uewen geschnidden. Ass awer a.d.g
Merci fir däin Kommentar
de Problem ass dat mäin 180er net stabiliséiert ass an D800 verzeit keen klengen Wackler an du muss bedenken dat Libellen och wann se schwéiwen, awer ëmmer bëssen wibbelen.
Mee ech probéieren emol mat enger 1/500.
ech hunn eng geschnidden erop gelueden "fir dech"
dat ass schwéier ze soen, dat hänkt vum Modell of
heiansdo setzen ech do an hunn direkt eng virun der Lëns, aner Deeg setzen ech Stonne laang do, an geschitt näischt.