Wéi muss een sou ee Reeër beliichten, datt en nët ausgebrannt ass ob op mannst enger Plaz? Wéi een an den EXIF gesäit hun ech -1 IL an en plus hat ech eng Spotmiessung um Kapp, an awer ass en do total wäiss.
Dat do ass en schweier Situatioun wëll's de immens grouss Luuchtënnerscheeder hues. Am beschten wier schon ganz manuell ze fueren anstatt dech ob den Beliichtungsprogramm vun denger Camera ze verloossen.
Bei der do am beschten den Kapp kucken fir den korrekt Beliicht ze kréien dann, gëtt däin Hannergrond zwar ze däischter mais den kanns de jo am LR herno d'Schadows obhellen.
Ech wees lo nët wéi dat bei Nikon ass, mais wou genau hues de däin Spot dann gemoss ? Wann's de Pesch hues hat ee grad ob der däischterer Schwanzfierder gemoss an dann ass dat wäisst natiirlech iwwerbellicht.
Bei der 1D X zb. kanns de den Spot mam AF Punkt verknüfen, dat klappt zb. ganz gudd bei den Concertën.
Falsch maachen ech dir déng Remarque nët. Manuell ass jo och prinzipiell di beschte Léisung, mais, ech brauch dir jo nët ze erklären, datt een an esou enger Situatioun einfach nëmme mitrailléiert, an da vu Chance schwätze kann, wann een dee richtege Moment erwëscht huet.
En plus, hat ech jo - et steet jo am Kommentar - de Kapp viséiert, well ech jo weess, oop wat ee muss oppassen. Ech mengen, ech muss de Kamerahiersteller wiesselen, an eng Kanoun huelen...
Ech soen awer och ganz éierléch, datt ech hei d'Gefill hun, wi wann et zum Deel och wéinst dem Telekonverter wier, datt de Beliichtungmiesser nët richteg geschafft huet. Och wann et just den x1,4 war, dee mir f:5,6 als Ufankblend gëtt, an d'D600 am Prinzip um Mëttelspot nach mat f:8 fir den AF eenz gët, sou denken ech awer, datt ënnert sou harde Kontraster d'Kombi 200-400mm mat x1,4 TC nët ideal ass.
An, dat brauch ech jo och nët ze betounen, wann een an der Hütt beim Monument sëtzt, an de Reeër steet hannen bei der grousser Insel, dann ass dat gaaaaanz wäit ewech, och fir déck Réier. Dofir ass dës Foto och ee crop.
Merci fir däi Kommentar, Schluck.
Edit: Dat ass natiirléch bestëmmt richteg, wats du zum Schluss schreifs, datt durch d'Bewegung vum Reer d'Beliichtung nët méi gestëmmt huet. Nikon huet den 3D-Tracking fir bei Bewegungen d'Schärft matzehuelen, mais ob domadder och d'beliichtung ka kombinéiert gin, hun ech nach nët erfuerscht. Dat muss ech onbedingt nosichen. Et géing méch wonneren, wann eng D600 dat nët kéint.
Blend 8, kee Problem, awer 1/125 Sekonn, hmmmm! Et soll jo scho revolutionnär Programmer gin, déi dir aus engem verwackelte Bild ee scharft maachen, mais...