Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sombrero

 
Sombrero
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.03.2015
  • Gekuckt:
    36829
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/2 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    150 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1648x1100
  • Späicherplaz:
    520 KB
  • Originaldatum:
    2015:03:27 20:14:26
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Sigma 150mm
Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82507]
Kommentar vum Fotograf:
oder och Spaghetti Western. ;-)
Enn éischten Versuch eng Vertikal mat enger Horizontaler Dynamik am Milisekonen Beräich fest ze halen.
galileo 28.03.2015 - 20:58
Du bass gäckeg !! smile

Waat ee mat der richteger Technik awer nët alles ka machen....erstaunlech.

Bravo !
Conley 28.03.2015 - 21:43
Gäckeg ass dat richtegt Wuert! An awer och een schéint Kompliment, well schonn alleng Technik een heiansdo gäckeg mécht! confused
Wann Bild gefält war di Méi jo och net ëmsoss!!
Merci gesot galileo! smile
Maimonides 29.03.2015 - 17:00
Mat engem Diabolo duerch d'Vertikal.

https://www.youtube.com/watch?v=AFtmdorQG-U
Conley 30.03.2015 - 18:08
bigsmile bigsmile datt ass jo schonn bal esou al ewéi ech, Merci Maimonides!
jorsch 28.03.2015 - 21:37
Ech hat net geduecht, dass deng gewissen Drëtonguesebiller nach ze toppe wieren.
Ech hat mech geiert!
E super Bild: Spektakulär an ästhetesch zugläich.

E Bravo och vu mir!

An elo? ... ech si gespaant! smile
Conley 28.03.2015 - 22:09
Loft no uewen geet ëmmer méi dënn! unhappy Awer wann ech Zäit hunn an nach eng oder di aner Ëmbauten maachen kéint nach een bëssen Sputt sinn.
Et freet mech dass ech dech nach een bëssen Iwwerraschen konnt, an dass Bild esou gutt gefält!!
Merci gesot jorsch!! smile
BigVood 28.03.2015 - 21:58
Fannen d'Foto technesch gesinn einfach super: deen Opwand an Timing!
E super Resultat.

Perséinlech géif se mir besser gefalen, ouni déi "Zerstéierung" duerch d'Kugel: de Sombrero 'puer' gefält mir als Foto besser.

Sinn och gespaant, wat do nach alles no kënnt... smile


Conley 28.03.2015 - 23:08
Mir gefält dass de Bild léiwer géings ouni di Zerstéierung wéilt's gesinn! Mir selwer géing et och sécher nach esou ganz gutt gefalen! Et wier dann awer een Schrëtt no hannen! Ech Akzeptéieren deng Meenung, mee allgemeng muss et leider ëmmer méi Spektakulär ginn! Sou sinn mir Mënschen leider!
Merci gesot BigVood!!
mischii 28.03.2015 - 22:37
Tiptop!!!
Conley 28.03.2015 - 23:10
Merci freet mech mischii!!
Nicole 29.03.2015 - 00:10
wouw , ob dat ze toppen ass ? ech mengen net, gefällt mer ganz gut
Conley 30.03.2015 - 18:04
Freet mech Nicole Merci! Kucken mol wat do nach dran ass!
Sutebe 29.03.2015 - 08:48
Ob d'gefoer hin dass ech eng verpasst hun bei enger annerer Foto an punkto erklärung smile mee wei leist de aus .. Licht oder toun oder einfach nemmen duerch probeieren vum Timing .. Technech intresseiert smile

"An wei kennt et dass d'bleigeschosss net mei onschaerft huert bei enger 1/2 sek beliechtungszeit ? Ass daht wierklech sou luers?"Ps:dei froh hun ech me selwer beäntwert du bletz kuerz eran an dei 1/2 sek ... Tzz tzz heiansdo schaft gehier ze luers smile

Ahjo an nierwenbei gefaelt me d'Photo och smile
Conley 30.03.2015 - 17:57
Bei dësem Bild waren fënnef Blëtzer am Asaz, een sechsten huet di fënnef duerch säin ausléisen iwwert de Jocker 2 op%u2018t Millisekonn gesteiert (duerch eng Blëtzausléisung den awer net Foto dierf Beliichten, soss kriss de gären eng Doubelbelichtungen). Méi Detailer bei dëser Foto
https://www.photogen.lu/?page=photo&id=81555&tongueagetype=user&user_id=3359&oldpage=1
Merci Sutebe freeën mech iwwert d' Interesse an däin Kommentar!

PS. den Frechdachs soll eigentlech een p sinn, misst awer och esou funktionéieren!
Sutebe 30.03.2015 - 19:53
Mohl en puer videon gekuckt vun deem joker 2 system .. Flot geschier ass daht ..

An scheint jo nawell liecht obwaeneg ze sin smile
Conley 01.04.2015 - 23:29
Videoen hunn ech wéi ech se gebraucht hatt leider keng fonnt! Mëttlerweil ginn ech awer
schonn besser mam dem Gedeessems do eens. smile
Liicht opwendeg dat ass sécher! closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 239 Gäscht online