Eng gewëssen Rou an Eleganz ass hei schonn ze gesinn, oft sinn Biller extrem Chaotesch wat dann awer och erëm säin gewëssenen Charme huet. Merci fir de Komentar JADE!
Esou eng Loftblos entsteet duerch zwou Drësen di esou een déiwen Krater maachen dass Loft ageschloss gëtt, an als geschlossen Blos aus dem Waasser eraus dréckt. Heiansdo esouguer bis bei di nofollegen't Drës, awer di Sail an der Mett räisst net oft of. Hei huet se sech geléist an du gesäis se an der Loftblos als Drës leien ouni dass Blos geplatzt ass. All Parameteren op Dausendstel Sekonn an di Richteg Viskositéit hunn hei mat der Temperatur an dem Loftdrock gestemmt. Fir mech, ewéi een sechster am Lotto!!
Merci fir d'Interesséiert Nofro!
Villmools Merci fir däin Kommentar jorsch!
Technesch ass et esou dass beim Blëtzen mat Faarwen duerch eng Opalglasplack am Hannergrond ëmmer Faarfrauschen an Tonwäirtofrëss schonn an der Foto entstinn. Eng Gratwanderung well se bei der BEA nach verschlëmmert ginn. Ech Tüftelen awer weider drun!
Ps. meng Tastatur war futti, déi eicht Wieder mat där neier!