..mir gefalen deng Biller hei richteg gutt Conley, an vu dat's de d'Serie just op zwee Biller limitéiert hues wirkt se méi intensiv, anerefalls ass ëmmer irgend ëpes wat sech widderhëllt an et gët langweileg.
TipTop esou..!!
Ech wäert mech awer nach weider domadder beschäftegen wat dann awer nach vill Zäit an Gedold kascht, Potenzial no uewen mat méi ewéi zwou Drësen ass och nach méiglech. Freed mech awer dass Biller dir gefallen marker!
eng immens schéin Serie, farwlech natirlech fir mech een Hgh Light (als Farwenfreak)
mee daat ass bestëmmt net enfach souguer matt Hellefsmaterial, awer wann et dann klappt een Genoss ze kucken, also weider sou
Bei dësen Biller waren véier Blëtzer am Asaz, een huet di dräi aner duerch säin ausléisen iwwert de Jocker 2 gesteiert (duerch eng Blëtzausléisung). D7000 ass op manuell am bulb f16 iso 160 och ewéi Magnéitventil vum Jocker 2 gestéiert ginn. Fokusséiert hunn ech op eng Schrauf wou Drësen Gene an't Mëtt mussen falen. Virum de Blëtzer waren Faarweg Folien zwee stoungen hannert Liichtduerchlässechem (am beschten 45%) Plexiglas. Vun ënnen och nach een Blëtz duerch eng Plexiglas Bitchen (wou Gëschter 5 Liter Waasser an mengem ganzen Büro verdeelt waren, den Opbau ass nach zimlech Provisoresch ) Blëtzer di Foto beliichten ( /- 1/15000 Sekonn) mussen di selwecht sinn am beschten sollen di dréi eicht Serien Nummere och di selwecht sinn. Bei den Akkuen ass et selwechten, Mark an't mAh mussen selwecht sinn soss kriss de gären Doubelbelichtungen. Trotz där Technik sinn Fotoen awer net reproduzéierbar, am millisekonenberäich. Nach Vergiess, Viskositéit (Waasser mat Guarkernmehl agedeckt )ass och nach wichteg fir eng Rou an't Bild ze kréien. Merci icylady ech wäert mech sécherlech weider domadder beschäftegen!
oauwwww
do hues de dech awer total rangeknéit, Wahnsinn, mee lo apprécéiert een d'Resultat nach vill méi, an wéi daat farwlech geglëckt ass, immens hoffentlech hues de nach oft Zeit deen Opwand ze maan an ons dann sou schéin Opnahmen ze weisen
Freet mech wann et gefält! An verstoppen well ech eigentlech näischt, ech schreiwen just net besonnesch gären! Mercie fir däin Kommentar MsJarryman!!
Ps. een gutt Buch iwwert dat Thema, kanns de hei fannen! http://www.amazon.de/gp/product/3826697316?psc=1&redirect=true&ref_=oh_aui_detailpage_4_s01