Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schachbriet

 
All Fotoen an dëser Serie:
41085 Thumbnail
41086 Thumbnail
41087 Thumbnail
41088 Thumbnail
41089 Thumbnail
Schachbriet
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.06.2014
  • Gekuckt:
    21777
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    D700
  • Objektiv:
    Nikon 300mm f4
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79137]
Kommentar vum Fotograf:
Des Serie ass moies ganz fréi entstanen.
Just no Sonnenopgang ass en extrat Liicht an d'Päiperleker sinn nach steif a gedëlleg. Eng hallef Stonn drop maachen se d'Flilleken auseneen a fléie lass.
Et war mer wichteg d'Stëmmung vun der Wiss mat op de Biller anzefänken.
No_Saint 23.06.2014 - 21:58
Ass der gudd gelongen, déi Impressioun vum erweschenden Summermoien. Besonnesch gefaale mer déi warm Sonnestrahlen déi duerch daat bloot vun de Flilleken liichten.
jorsch 24.06.2014 - 20:22
Meri No_Saint, hu mech iwwert däi Kommentar gefreet!
ornitho 23.06.2014 - 22:15
Serie ass einfach e genoss vir se unzekuken... An et ass flott ze gesin daste eng gewessen Distanz zum Sujet behalen heus viren an sengem Liewensraum ze weisen.. Einfach Top !
jorsch 24.06.2014 - 20:21
Merci ornitho, fir de positive Kommentar an de Fav.!
Charly_Ente 23.06.2014 - 23:19
super Fotoen! gefaalen ma ganz gudd! smile
jorsch 24.06.2014 - 20:21
Merci Charly_Ente, freet mech wa se dir gefalen!
BigVood 24.06.2014 - 22:58
Immens schéi Faarwen. Sinn déi Biller hei gemaach?

P.S. Schléisse mech dem ornitho un: flott, datt net nëmmen de Päiperlek drop ass, mee och säi Liewensraum. Gefält mir besser, wéi e formatfëllend Bild vum Insekt.
ornitho 24.06.2014 - 23:01
De Schachbrietschmëtterleng ass hei am Land navell vill verbreet, hunen leschten Weekend um Tëtelbierg ( Niederkeur) an an da Hiel ( Esch / Alzette ) an zu Remereschen schon oft begeint..

http://de.wikipedia.org/wiki/Schachbrett_(Schmetterling)
BigVood 24.06.2014 - 23:09
D'Objektiv wier do, lo feelt nach just een, deene e sou fréi aus dem Bett zitt. closed_eye
Ech mengen ech muss de Beruff kënnegen, den Dag huet einfach net genuch Stonnen! smile
ornitho 24.06.2014 - 23:18
Oh jo, wann net emmer Pflicht gief rufen bigsmile mee bon muss en jo och dat ganzt finanzeieren closed_eye Dan sen ma mol gespannt op deng Makroen demnächst closed_eye
jorsch 25.06.2014 - 17:20
Merco BigVood an Ornitho,
D'Opname sinn op der Aarnescht bei Nidderaanve gemaach ginn.
Mir geléngt dat fréit Opstoen och net ëmmer, muss mech selwer aus dem Bett erauszéien an de Schweinehund bremst. smile
Den 300mm f4 hunn ech als Occasioun kaaft. Et sinn di éischt ordentlech Biller dermat, mee ech mengen ech gi frou mat dem Objektiv.
BigVood 27.06.2014 - 09:19
Den 300 F4 soll idela sinn, fir sou Opnamen wéinst senger zimmlech klenger Noastellgrenz.
nebu 29.06.2014 - 20:37
Ganz Flott. Do hutt et sech gelount méi frei ënnerwee ze sinn. Déi 3 ass hei méin Favorit wéint dem extremen Cadrage an dat den Pimpampel no ënnen gedréint ass an alles sou schéin riicht ass.
jorsch 30.06.2014 - 14:41
Merci Nebu, fir de Kommentar an de Fav.
Ka mech net fir e Favorit entscheeden, mee di éischt gefält mir och gutt, well se e bësse méi onkonventionnel ass.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 474 Gäscht online