Jo dat woar mer och obgefall .. woar bestëmmt nët méi der jenkster een .. den hat schon ee puer Plommen geloss. Gudd méiglech dass do schon mol een sech wollt un ëm vergréifen
Merci Gaga, fir däi Kommmentar an deng Ureegung.
Eng kleng Rotatioun no riets? Ech weess net op et besser gi wier, gefält mir am Fong esou, a leider kann ech et net ausprobéieren, d'Bild ass net gecroppt.
Mol eng Kéier eng Insektefoto ouni "Sonnenënnergangsstëmmung", also alleng duerch d'Farwen flott an interessant. A virun allem do scharf wou se soll scharf sinn.
De Cadrage passt jorsch. Planzen wuessen zwar der Luucht no. Hänkt awer och dovunner of wou se stinn. Heiansdo mussen se sech hiren Wee sichen, gesäit dann awer och emol ganz gelungen aus fir de Wee zur Luucht ze fannen. Deem Päiperlek seng Haltung litt awer hei net! Dass déi wäiss Teint am Bild bloelzech schimmeren ass bei där Luucht normal. Wiert fir Owes just een bëssen kal. Wäissofgläich villäicht een Tick méi waarm an Tonwertkorrekturen an dem gréngen Kanal een bëssen ritz schléissen, wier meng Idee?
Den Hannergrond huet een schéine Bokeh, eng oder di aner donkel gréng platzen kéint een nach liicht ophellen. De Schäerftenverlaf ass der ganz gutt gelongenen! Deng Ausso ( fir géint de Wieder-Frust vun elo) ass awer ukomm dann't Foto iwwerdréit dat jo och ganz gutt! Konstruktiv Kritik! Meckeren wollt ech hei net!
Villmools Merci Conley, fir dëse laange Kommentar an de Fav.!
Deng Iwwerleeungen sinn eng richetg Hëllef, wäit ewech vu Gemeckers!!! Weider esou!
De Cadrage gefält mir och nach ëmmer. Éischtens war d'Wierklechkeet esou an net aanescht, an do ginn ech bei Naturfotoen net gär ze schnell dru fummelen. Ausserdem fannen ech, datt d'Neigung vun der Blum an dem Päiperlek eng Diagonal an d'Bild erabréngt, déi ganz dynamesch ass.
Ech hunn och probéiert d'Faarwtemperatur eropzesetzen, da verléieren ech de schéine Blotoun, e rutscht an d'Gréngt. Och eng selektiv Tounwäertkorretur huet keng Verbesserung bruecht, d'Balance tëschend orange a blo ass fir mech gudd esou.
Dat Donkelgréngt méi hell maachen reduzéiert de Kontrast nach méi, ech fäerten, da gëtt se e bësse flaach.
Merci Conley.
Naturfotografie ass och mäin Haaptinteresse, an awer fannen ech et immens wichteg, datt hei um Site all Genre vun der Fotografie vertrueden ass. Och wann ech net ëmmer matschwetze kann ass et spannend ze gesinn, wat an der Fotografie alles méiglech ass.
Datt ass sécherlech richteg an soll och esou sinn jorsch! De Moment bleiwen ech emol haaptsächlech bei Makrofotografie. Do ass nach vill Sputt no uewen! Soll awer net heeschen dass et nëmmen do bei bleift.
Déi haat ech leider verpasst, doviir nach nodréiglech meng Gléckwénsch vir d'WF. Mir gefällt se super, bokeh, téinung an luucht sin immens. Ech fannen dass déi "kaal" Stemmung héi immens gudd eriwwer kennt. Och wann den Schachbrettfalter seng béscht Zeit héi schon hannert sech haat ass en immens flott duergestalt.