Kommentar vum Fotograf:
an der Owesluucht
Foto ass nach vun 2012 wou ech grad ugefangen hunn interesséiert ze Fotograféieren. Läscht Joer hunn ech leider keng fonnt, fir et besser ze maachen! Eng kleng Geschicht zu der Foto. Do souzen der eigentlech zwou. Di waren awer net Parallel zum Sensor. An do ass nach eng Seechomes andauernd erop gekrabbelt komm, an huet di ritz Méck generft. Si huet ëmmer mat heftegen Beweegungen mat engem Been no ënnen geschäert fir Seechomes ze verdreiwen. Bis se Flemm hat an do ass se leider fort geflunn. War Witzeg deem Spillchen do no ze kucken. Bedingunge wat Loft ubelaangt hat ech just hei, an duerno bis haut ni méi. Et geet eigentlech ëmmer eng kleng Lëftchen och wann een se net spiert. Bei der Makrofotografie wackelt eigentlech ëmmer eppes. Sief et de Spigel deen an Luucht a erof klappt an't Opnam verwackelt bei verschidden Beliichtungszäit. (+/- 3 bis 1/60 Sekonn) Oder een Hauch Loft. Mat der Spigelvierausléisung um Stativ, Spigel erop klappen (en bëssen waarden) an Foto maachen. Selbstverständlech net ouni enger Fernbedienung kann een dat awer an de Grëff kréien.
Vill Gedeessems, an fir déi nächst Saison ass schonn de Makroschlitt drop. ;-)