Komescherweis hätt ech dësen flotten a gutt verschafften Portrait vum Kim, léiwer gesinn wann, d'Plommen vun den Ouerréng ganz drop an dofir iwwert den Aperhoer geschnidde gi wär.
D'Gesicht an déi flott Aen giffen domadder vill méi betount ginn .... dat ass awer natierlech ewéi ëmmer, meng perséinlech Meenung
En decke Merci Edy...
Jo unn esou Idéen feelt et nach bei mer
Opschonn ech mer dat beim Kadrage och geduecht hat, well di rout Plommen wirklech e flotten Kontrast maachen mat der schwarzer Jackett.
Hunn geschter leider séier wéineg Fotoen gemat, kucken dann awer fir eppes ze fannen wou ech deng Idee kéint emsetzen.
Cateyes si super gelongen an du hues d'haut schei geschmeideg hikritt. Mir as d'photo just en tick zevill zentreiert. Keinst de probeiren se bessi ze versetzen, vlait kent da mei dynamik dran!? Foto as awer soss perfekt. Kim war jo och top ;0)