A tiens, ganz flott, hatten Kanadagänsen am Reveiwer ? Hun dat peur mol aliewt an souen Schwann kann schon en zimmlecht agressivt Deier gin, eweis Du et hei weis. Gefällt ma Gud och mam Donklen Hannergrond, hiewt sech flott of !
Een dynameschen natirléche ColorKey mam Affer am Hors-champ oder suguer schon am Hors-cadre. An awer versteet de Spectateur alles vun der Situation. Grousse Kino, nennt een dat.
Dat ass kee "richtegen" CK, natiirléch net, mais, fir et mol sou auszedrécken, dee gréissten Deel vun der Foto ass dach an "unbunte" Farftéin, wéi wäiss, groblo, grobrong a schwarz gehaalen, durch dat natiirlécht Ëmfeld an dî gewollten Ënnerbeliichtung, just dem Schwan säi Schniëwel liicht als orange Mëttelpunkt a stécht ervir sou. Dat mengen ech mat "natiirléchem CK". Ech gin awer gären zou, datt dat e bësse mat den Hoer erbäi gezun ass vu ménger Säit.
Wann ech dat richteg gesinn, dann ass do nach eng 2. Gäns virum Schniewel oder ass déi guer net am Bild?
Gesäit op jidder Fall richteg gutt aus, well alles op engem Plan ass: den Hannergrond eidel an däi "Light Operator" war och op Zack, an huet de Scheinwerfer op déi richteg Plaz geriicht