Ech kennen näischt dovunner, gesäit awer propper aus. Op Kanten lo ze schaarf sinn oder op et besser wie déi méi duz de maachen misst een gesinn. Gefält mir awer mat deem dramateschen Hannergrond an de Wolleken Jacques.
Jo hunn mir dat och ugedoen an sinn um verzweiwelen...Sinn frou dass ech Lightroom an all di aner nach hunn....ech hunn eigentlech ni mam Ps 9 Element geschaaft. ausser gestempelt!!
Projektion vum Schiet ass trotzdem net Reel, an Sonn ass Hannen am Bild wou een gesait strahlen deurch Wolekdeck kommen... Weeste Ech hun iwer 5 Joer an da Branche vum Grafikdesign am 3D geschafft, an dat doten ass einfach net Realistech, an eng Global Iluminatioun ass emmer do wann sonn Schengt, awa Wann eng Sichtbare Lucht do ass, dann ass och eng Strahlerichtung do, an eng Projektiounsrichtung vum Schiet... Jo Digital Art ass Dehnbar,an Fotografie och, an navell sinet 2 peur Schung schlussendlech... Den 3D wiekt onrealistech, Textur vun da Gestalt ass Komesch geflekt, eng unisform, Gro/Greng mat engem Relief drop an Foto mat da Gestallt zesummen mat engem Filter iwerzun gief dei sach vill Besser an mei Reel machen, de Schiet vun da Gestallt ass och ze haart, wannste deeen mei Soft an Transparent giefs kreien wier vill besser... Soit...
Gut Idi Jacques, fehlen nach e puer Saachen: den Kontrast an den Faarwtoun vun der Emgéigend mist de op den Lycaenops iwwerdroen gin. d'Schieter an där hei Situation sin esou lang dat se aus dem Bild faalen. ev d'Sonn verstärken dat se e bessen iwwerstrahlt do kéinst op jidderfall eng dramatesch Szén draus maachen.
Also ech wees net richteg waat ech heivunner soll haalen. Den effekt ass mir ze onreel, an aaneren Wieder, daat Ur-déier passt net bei den Hannergrond well daat eent eng Foto ass an daat aanert eng 3D Grafik ass oder esou eppes ähnleches, waat een aus deenen Spiller kennt.
Ech hun mech selwer och schon versicht an deem Beräich, sinn awer kläglech gescheitert. Kuck meng Montage !Dës Foto ass net méi am System! do passt och reflexioun vum UFO net bei d' Sonn. Ech hun des Foto zwar gepost, mee esou richteg zefridden sinn ech net.
Den Schied ass hei effektiv onreel a passt net, an a mengen An ass daat awer quasi den A&O vir eng gelongen Montage.
Et muss een tatsächlech sech no der Sonn riichten an de Schied och esou faalen lossen. Wann Wolleken do sinn huet de Schied net esou eng exakt Form.
Genau Rotschléi vir et besser ze maachen kann ech dir net ginn, dest ass just meng Meenung als Betrachter.
@Digital-Art
Merci fir déin Komentar!
Den Fehler ass,ech hätt missen en aaneren Hannergrond wiehlen an ouni Wolleken. Et kann een awer en 3D-Objekt an eng Foto setzen,hun schon esou Fotoen gesin an et geséit ganz realistech aus. Den Problem ass an 3D-Software muss de emmer e minimum vun Lucht op déin Objekt gin fir et kennen ze renderen, soss ass et schwarz an ouni Déift. Den Schied kann een effektiv net esou stark machen, hun awer nach net eraus fond wéi
Wéi ech dem Pixelman schon geschriwen hun, muss een den Objekt renderen an en dann dem Hannergrond upassen, är een en an d'Foto setzt.
Waat deng Foto ubelangt geseit déi awer net schlecht aus! Eng Reflexioun muss de emmer dran hun wanns de wells duerstellen dass deng Oberfläch metallech oder glaat ass.
Bei enger vun mengen Fotoen wou ech en Rollstull an d'Foto gerendert hun war et méi einfach well den Hannergrond derbei gepasst huet *The wheelchair*