Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bal sou schéin wéi fléien

 
All Fotoen an dëser Serie:
34653 Thumbnail
34654 Thumbnail
34655 Thumbnail
34660 Thumbnail
Bal sou schéin wéi fléien
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.02.2013
  • Gekuckt:
    18111
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Lumix
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
Extras:
Kuerz beliicht, mee d'Bewegung vum Band ausgenotzt

Fir anzesetzen: [pg_img=70766]
Kommentar vum Fotograf:
dee flotten tapis roulant um Frankfurter Flughafen!
Si gespaant wat dir all heizou ze soen huet a wéi eng déi bescht ass ;)
Kritik natierlech wëllkomm.
micky-maus 22.02.2013 - 07:24
Salu, dei roud fannen ech amm scheinsten...closed_eye

Beim Carage:
Ech geif se mol riicht setzen, ann se dann esou ennen lenks schneiden bis dei Linn genau ann den Eck geht, dono riets oofschneiden bis dei Linn uewen riets och genau ann den Eck geht. Dann hust Du doo Linien dei iwwert diagonal laafen, ann daat ass rischtig gdevilil....
Foto nach noschäerfen(Wann meiglech) bessi Kontraster erop ann se als 4. emol eroplueden. Wäer op Resultat gespaant... closed_eye
luxiline 22.02.2013 - 10:21
OK, merci mol, ech maachen dat wann ech doheem sinn closed_eye
luxiline 22.02.2013 - 11:23
besser sou? déi 4. mengen ech
micky-maus 22.02.2013 - 11:31
Hunn Däer uewen een neien Kommentäer geschriwwen.... closed_eye
Zora 22.02.2013 - 07:35
Den micky-maus hued alles gesoot, an fir mech och dei roudclosed_eye
Jacques 22.02.2013 - 11:07
Schléissen mech deenen aaneren un, an déi rout gefällt mär och ganz guddsmile
luxiline 22.02.2013 - 12:00
merci Jacques!
Ech hat gemengt déi mauve well do Leit mat drop sinn ...
micky-maus 22.02.2013 - 11:15
Jaaa, genau esou!!!! cool
Eng Linn diagonal duerch Bild dei ann der Mett zesummen leeft. Groussen Kino daat dooten.
Dei dooten rockt.... Fav.closed_eyesmile
luxiline 22.02.2013 - 11:33
wow, dat ass immens! Villmols merci closed_eye
Ech hunn awer eng Fro dozou: bis elo hunn ech ëmmer gemengt ech misst Proportioune vun der Foto bäibehalen, d.h. wann ech rechts schneiden, muss ech och ënnen oder uewen.
micky-maus 22.02.2013 - 13:02
Fier mech, ginn ett doo keng gesetzer, esou wei den Ausschnett ett verlaangt cadreieren, schneiden ann dreinen ech drop lass bis mär Foto esou gefällt. Op een Pano, Carre oder Heichformat dobai erauskennt ass egal, Hauptsaach Foto gefällt hernot. Bei engem Print gett jo dann souweisou dei weiss Baleken ewechgeschnidden.... Daat format 10x15 etc ass fier mech keen Argument mei.
luxiline 22.02.2013 - 13:10
ok, dat gëtt engem effektiv méi Fräiheet - villmols merci fir deng Hëllef bei der rouder Foto!
Metalbambi 22.02.2013 - 20:21
Firwat sou vill ähnlech Fotoen vum selwechten Sujet?
Muss definitiv rout sinn, giel gesäit komesch aus an neutral onspektakulär.
Wéi den Michy schonn gesot huet op Allefall richt zéien, Cadrage ass bei sou Fotoen den A an O.
luxiline 22.02.2013 - 23:56
firwat, ma déi Luuchten änneren dauernd ob dem Band, bal sou wéi an der Philharmonie! Ass déi 4. dann lo riicht genuch?
Merci dir!
Metalbambi 23.02.2013 - 01:28
Jup, passt smile
jorsch 23.02.2013 - 10:12
4 gefält mir och ganz gutt, si zitt een richteg an d'Bild eran.
luxiline 23.02.2013 - 10:17
Mir fuere jo och weider um Band! Ech freeë mech schonn déi nexte Kéier zu Frankfurt, et ass jo meescht langweileg um Flughafen, mee wann ee Fotoe mécht, geet d'Zäit gutt em closed_eye
Merci fir de positive Feedback!
MsJarryman 24.02.2013 - 11:53
Gesäit wierklech super aus.
luxiline 24.02.2013 - 23:15
dat freet mech! merci closed_eye
bac 03.03.2013 - 10:32
Déi rout sinn effektiv am dynameschsten. Cool Iddi
luxiline 04.03.2013 - 21:14
jo, ech gesinn dat elo och! merci closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 609 Gäscht online