....bei -5 Grad! Geseit sech net esou un,mee et woar kaal!!
Déi lescht Woch op der Küst vun Klaipeda(Lithauen) fotografeiert.
Dess Foto soll e bessen hellefen daat schlecht Wieder ze iwerbrecken daat mir am Moment hun:-)
Huet ëpes berouhegendes, fannen déi diagonal Linnen iwert dem Horizont ganz flott, wonnerbar Faarwen. D'Idi mam Aascht an der Bildgestaltung gefällt mir och. Schéin Opnaam Jacques
Ech mengen net
Ech hun en kalibréierten Schierm an do geseit se aus wéi se soll sin.
En Sonnenennergang soll jo och net ze hell sin, an op deser Foto geséiss du déi Sachen déi wichtech sin:
2 Schëffer um Horizont
1 Villchen deen iwert d'Mier flitt
D'Wolleken am Détail
Den Reflects vun der Sonn um Waasser
An d'Silouhette vum Baam
Ech hun d'Hellechkeet op der Sonn gemooss wéi ech d'Foto gemeet hun.
Vielleicht leit et un dengem Schierm dass se do ze donkel ass.
Hei ass ët déi Saach mat dem klicken .. wann ech se sou héi kucken fannen ech och dass se ze däischter ass, wann ech se dann awer grouss kucken ass ët ok .. an awer ... am rietsen Deel ass net méi genuch Luucht
Merci Schluck
Du hues recht domatt dass se op der rietser Seit méi donkel ass, mee an deser Foto ass daat irrelewant.
Waat wichtech ass, ass den Sonnenennergang an déi aaner Détailer an den rietsen Eck ass onwichtech.
ah top. zumolst mat der rumm !
hues de di nämmlesch na mat laangzait? flait erwescht een d'spigelung vun der sonn am wasser dann nach meih. misst dan awer d'woleken vun der hei dranpäschen.. si sin gudd !
Schéi Jacques, gefält mir danz gutt!
Si ass däischter, mä dat stéiert mech hei net. Ech denken esou gëtt d'Bild d'Stëmmung vun der nordescher Wantersonn gutt erëm!