hm...ech WEES dass een zu Remerschen BAI WAITEM méi interessantes kann knipsen wei Schwanen...sen bessi enttäuscht vum fehlenden Bildopbau an dem platten Motiv...
Et geht jo hei och net drem wat een zu Remerschen kann knippsen an wat net...
An beim Bildopbau kann ech der leider och net rescht gin, well se alleguerten an goldene schnett setzen... Bild 1-do ass den kapp an goldegen schnett, Bild 2-do ass et d'aae an Bild 3- do ass et och den kapp vum schwann.
Bon ech fannen Biller lo och net platt, ass jo schliesslech genuch struktur an kontrast dran an den hannergrond ass jo och schliesslech onschaarf, sou dass schwanen sech oofhiewen...
Wanns de lo eppes mei "spannendes" wells, dann kanns de der geren des foto unkucken:
Hm. den Bildopbau fehlt fir mech, well et NAISCHT wei just den Schwan ze kuken get, den as zwar am gellen Schnett as mee waat dSaach net rett - Opbau nennen ech eng Déift, dArrangéiren vun Elementer, Linnen dei den Bleck guideiren etc.
"latt" as effektiv subjektiv...den Schwan fannen ech perséinlech net mei interessant wei eng Dauw...dementspriechend OFT get en o geknipst...do muss een schon méi aus der Foto maachen fir dass se nees uspriechend as...
ech hun och nach op des geklikt: Fëschadler ob der Juegd
Et jo do kommen ma erem op dei leif affaire de gout....
An wat lo ween intressant fennt dir ze knippsen bleift jo dann och jiderengem selwer iwerloss
An leider krit an huet een och net onbedingt meiglechkeet fir en feschadler beim feschen ze erweschen... Dat bleift dann ausergeweintlech...
Zumols een dofir och dei richteg Brennweiten brauch(wei hei zum beispill 800mm beim Schluck sengen Fotown)...an och ganz vill zeit dei een muss dran investeieren, dei een och net emmer onbedingt huet...
Hehe, jo affaire de Gout .. rischteg an ëmmer déi richteg Excusen hunn ... ROFL
Zäit brauch een och fir am Häisschen setzen ze bleiwwen fir den Xten Eisvull, Schwan, Komoran oder wat och ëmmer ze knippsen. Déi do Foto huet keng 5 Minuten kascht ... Hat ee Samstes gesinn um Baam setzen an ee puer mol geknippst, dun Dënschtes dohinn gefuer, aus dem Auto, Fotoapparat an schonn ass d'Show lass gang.
Oh Schluck... wees de wann ech dei ganz disskussioun hei liesen an och dei beim Gianni senger foto, dann kann ech nemmen nach den kapp reselen...an sou lues an secher fenkt et un perseinlech an ungreiflech geint leit ze gin, an dat brauch keen hei!
Ech sou weit fir mein deel kann et einfach net oof wann een mir, wei och mengem mann esou blöd kennt.
Ech geif dech also bierden, wei den Gianni och schon, einfach an zukunft meng fotoen wei och alles wat irgendwei mat mir ze din huet, einfach ze ignoreieren!
An och dei nexten keier wanns de eis dobaussen begeins, dann mach net sou wei wann "friede, freude, eierkuchen" alles paletti wier nemmen wells de deng fraa dobei hues...an wells de net kapabell bass den leit riet an gesiit ze soen wats de denks, am geigendeel leiwer den leit nach falsch wei en hond an gesiit grinsen an machen wei wann et dei beschten kollegen wieren an nach deck teinen... dat brauchen ma alles definitiv net.
Sou an dat war et dann lo och hei fir mech, an ech geif dech och lo bierden och lo hei keen pefferkär mei drop ze leen...well meng foto ass lo definitiv genuch zou gespammt!
Ma dann so mer w.e.g. mol wou ech heen lo hei beleidegt hun?
Ech hun em dat geschriwen wat ech geduert hun, wei heen et mat eis jo beim Gianni senger foto gemach huet.
Ma wanns de dat dann weider leeds dann kuck der och mol dei diskussioun beim Gianni senger Foto "Fësh um Menu" un wei heen eis do geschriwen huet. An dann kanns de dat dann och weiderleeden, well dat wuar och belleidegend an ungreiflech...
Krass Privat Black Phanter, da gei mol bei meng Foto '' Fesch um Menu '' kucken an dann wgl. dann leed dat do och mol weider wannste schon dobei bas ! Esh wert mesh souwisou elo un de Johny wenden, an dann gesin ma weider, do geht lo ze weit, an Nathalie heut hien hei net beleidegt oder esou just seng Art a weis defineiert ! Richteg liesen wgl !
Deng Serie ass total langweileg ... an d'!Dës Foto ass net méi am System! hunn mer och schon gesinn aus der selweschter Perspektiv just ee bëssen méi no dofir ass déi och nët méi spannend
Ech huelen un du Häss déi hei dann och nët aktivéiert Bon ech hunn ders geschleimms sou lues saat, ech sinn am Gang ze iwwerleen ob ët sech iwwerhapt nach rentéiert eppes héi ze weisen
oofgesinn dass nie 1 eenzegen aktiveiert/refüseiert, MIR hätten se weschgefiltert well se vun photographechem point de vue naischt hierget, an keen eppes derzou schreiwen kann waat iwwer "se as usprochslos" rausgeet... (siehe dei ülech "ech fannen dei awer ganz schéin"-Kommentarer) - korrekt.
an jo, et as wierklech sou eng Saach ze GESINN wou et hingeet, an ze wessen dass et daat as waat dUSER wellen, mee dass genau daat nie den Zweck vun dem Projet hai war.....
"naischt méi weisen" maachen ech fir main Deel allerdings net....ech beschränken mech op "Kommentarer ignoréiren" )
Et ass wéi ët ass ... soulang's de schéin brav jidderengem schreiws wéi gäil Photoën een dach mëscht soulang ass alles an der Réih, mais wann der dat geauchgepinsels an Géigensäiteg Zocker an den A.. blossen der der ob den Sou geet an du sees mol "Bon déi héi keins de sou besser machen oder déi héi fannen ech nët sou interessant oder langweileg" dann hues de ët verbockt an mat dem ganzen Ëmfeld ronderem nach dobei.
Ech hunn den Fehler do selwer och gemach, mais ech hunn einfach keng Loscht méi hei nach Jenni an Menni "Schein Foto" ze schreiwwen fir Kommentarer ze kréien an nëmmen kengem eppes negatives ze schréiwwen.
Ech hunn héi um Site vill béigeléiert mais wann ët méi Energie kascht wéi ët breng .. wou ass de Sënn.
1ten Kommentar Ok Schluck, gerechtferdeg an net ze Provokativ ausgedreckt, de Recht dono geheiert net hei hin, mat abegraf dat vum Blackpahnter ! Dat ass gesteppels ! An dat ass Out of Theme ! Well keen a Schutz heulen, mee hei ass io och nees meng Foto mat an da Diskoussioun !
Ginn der do vollkommen Rescht Schluck, mer ass et d'selwecht gaangen.
Verschidde Léit verdroen absolut keng Kritik. Froe mech wat se dann hei um Site maachen? Hunn déi Léit mettlerweil erkannt a schréiwen dofir einfach näischt...a bei deenen annerer schreiwen ech éierlech dat wat ech de Moment denken wann ech d'Foto kucken.
Di Gefällechkeetskommentarer brengen einfach näischt.
Hu léiwer en anstännechen "Gaga Kommentar" ewéi 10x "Super" déi aus Gefällechkeet geschriwwen sinn.
Wanns du mer beim 1ten Eichelhäher um Bam näischt geschriwwen häss wieren di dono nemmen hallef esou flott ginn
Déi Kommentarer di am 1ten Moment richteg wéidoen, brengen een herno richteg weider.
Fannen aus deem Grond dese Site awer flott, well op Site'en ewéi 500px, oder fotocommunity krisste och just 100 nice'en oder liken wousste näischt dovunner hues.
Ab und zu eng Paus alléen deet och heiansdo gutt
Bléif eis op alle Fall erhal
Do heus Du och Rescht Abacab, awa alles an engem gewessen Toun, dannn kennt och alles ganz Annecht bei de leit un. Winn heut de Schluck ma bei da Rohrweie en Tipp gin wat de Kadrage ungeht, an dat wor hellefreich an Korrekt, ken Thema !
Awa net gesteppels ewei elo hei ! Den Eichten Kommentar ass hei voll Richteg ugesaat , Ab dem Blackphanter sengem gedet vum thema of !
Nöö wisou .. thema voll getraff.. Thema Schleimschäissen an gefällegkeets Kommentaren an FAVën.. ech wetten du bass den mat den, den déi meschten FAVën héi um Site verdeelt ... 15x4= 60 an engem Mount bis den 20.9.2012 .. Leider geet ët neët méi wäit zereck
Oh merde Hat esh Desh vergies ? Demols ass hei um Site gesot gin, wann net zugeur vum Johny selwer das kenn LIKE-Button hei hinner kennt well een dat och kann iwert den Fav. man.. Esh fannen et flott, well esou heuste wiekleg dei Flott Biller aussorteiert an heus en Direkten iwerbleck doriwer ! Nix Schleimmscheissen, brengt ma neicht an Monsieur ! Emplus meng favoriseiertse jo och Schleimi, also iergendwou gin deng Aussoen net vir an net hannen op !
Intressant dass sou eng Latzeg Foto awa schon neees ob 26 Kommentaren ass ? nee ? Lachen mesh hei Kapott, Richteg Spillschoul ! Null Niveau, an dat bei awoussenen Leit !
BlackPhanter, wannste mir giefs soen zb.: meng Biller sen Scheiss, dann heulen Esh kritik net un, wat mein gudd Rescht nach emmer ass an bleiwt, wannste ma Sees awa wisou an Firwat, dann jo, keen Thema, wannste ma dann nach als Kritiker sees, wat esh kann besser man, mat Senn sobei, dan zeihen Esh den Hut ! Kloer sen hei Referenzen um Site, mee et kann een net vun engem Verlangen deen ufenkt mat da Deierenfotografie dassen en Feschadler op den Tapis brengt direkt odet esou.. Mee bon, kloer sen Esh elo ofkomm och, geht jo net annescht an esou Diskoussiounen...Hunn gesteppels mam Goldegen Schnett korrekt hei Fonnt an mei an manner och net..
Weeste wann hei jidereen an sengem Deppen gief Reieren, an engem Normalen Toun Krittik vergin, ob negativ oder gudd, dann gief dat och bessen annescht ugehol gin vun de User, wannste dann leit hells dei alles deurcheneen geheien an sech a sachen ameschen wei zB.: wat mir hei passeiert, dass esh gesot kreien Esh gief Motiver degradeieren an hei an do ? Dat geet Dach net, an mat esou diskousiounen kritt een op dem Site Flemm agedriwen, well Leit ze Perseinlesch obemol gin, an net Neutral bleiwen an hieren Kritiken.. Wann et esou hei weider geht dann gin Esh och, well esh kommen net gären hei hin vir ze Streiden etc.. am Konträr ! Mee bon sen schon vill Leit hei gangen, een mei oder manner mescht jo hei nix aus am Moment . An dass Esh mesh agenescht hun ass aus dem Simplen grond dass meng Foto nees geholl gin ass.. mee egall.
Oli deng entschelegung ass ungehol. an hun dein "ufankskommentar" och verstanen an dein point de vue och angesinn. Ech gin zou dass en Schwan net onbedingt dat spannensten motiv ass... an awer wuar mein point de vue awer sou dass ech et weisenswert fonnt hun
What else....
Ech fannen et mol net mei interessant fir sou saachen an disskussiounen mussen mat ze liesen... ech fannen et just nach traureg...
Zu deser Serie ass meng éierlech Meenung folgend.
Fannen den Objet einfach doudgeknipst, di Schwanefotoen sinn einfach "sans plus "
Ech ka keng méi gesinn. Et sierf dann si wieren aus enger besonnecher an ongewinnter Perspektiv fotograféiert, ewéi dem Schluck seng lescht Serien.
Fannen des Serie vum benotzten Material hier awer interessant well se an enger Top Qualitéit presentéiert guefen.
Ech mengen dass et dem Nathalie och haptsächlech drems gangen ass fier säin neien 300ter 2,8 ze testen an d'Resultat ze weisen. An dat léist sech jo och weisen!
Ma dann mol merci fir deng eierlech meenung, hun dat doten och schon dem Oli ennen geschriwen:
"Ech gin zou dass en Schwan net onbedingt dat spannensten motiv ass... an awer wuar mein point de vue awer sou dass ech et weisenswert fonnt hun"
An do hues de recht ech hun mein neit spillsteck getest an resultater hei gewisen. an wat ech alt flott fonnt hun wuar dei top qualiteit dei dest objektiv obweist.
Hu mer dat och esou geduecht Nathalie.
Hunn awer och gemierkt, dass wannste e gewessenen Level esou wéist Du errecht hues, d'Laat emmer méi heich gesat get. An do get et schwéier fir drenner ze goen
Jo dat ass ma och schon opgefall, an trotzdem...
Naja gewessenen niveau...eventuell am macro... mee net an der deieren fotografie, do sin ech nach bluddegen ufänger. Übung macht den meister