Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

bubbling spiderweb

 
bubbling spiderweb
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.09.2012
  • Gekuckt:
    18553
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x718
  • Späicherplaz:
    445 KB
  • Originaldatum:
    17/09/12
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MarkII
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon 100mm f/2,8L Macro IS
Kategorie: Natur »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66733]
Kommentar vum Fotograf:
geschter muergen a mengem Wues,
klick och et gëtt besser
Jeanny 18.09.2012 - 05:53
jo, sou schéin gesinn elo Spawecker mueres mat den Drëtonguesen aus.
ganz gutt geschafft Michèle
mischii 18.09.2012 - 12:13
Déi Konschtwierker mueres fréi sin e Genoss a mat mengem Macro sin ech déck zefridden
merci Jeanny
Fennec 18.09.2012 - 08:07
oh flott, wanns de net vun Spaweck geschriwen haes keint een glad mengen et wier Sprudelwasser, ganz schein Detailer an wanns de gud kucks geseis de och de Fuedem.
mischii 18.09.2012 - 12:12
Du hues Recht , lo gesin ech de Fuedem och, well ech hat e vermësst
merci Patrick
gemu 18.09.2012 - 09:57
Wonnerbar Mischii, eng excellent Idi, ouni Titel hätt ech net gewost wat et wier
mischii 18.09.2012 - 12:11
huet mech och u Spruddelwaasser erënnert
merci Gerges
NikonD80 18.09.2012 - 10:27
super, a beim drop klicken gëtt se nach besser smile
mischii 18.09.2012 - 12:10
frett mech, dass et gefällt
merci NikonD80
Jacques 18.09.2012 - 10:36
Wann ech Zeit kréien dann zielen ech emol déi Pärelenclosed_eye
Eng schéin Foto,an gefällt mer gudd.
mischii 18.09.2012 - 12:09
1,2, 3... vill
smile , merci Jacques
Zora 18.09.2012 - 14:01
Geseit jo gud aus, an dei Faarw ass top!
mischii 18.09.2012 - 21:50
merci Zora
Schluck 18.09.2012 - 18:19
Ganz flott mischii, ech gesinn du hues vill Spass mat dengem neien Macro
mischii 18.09.2012 - 21:50
ech si méi wi zefridden dermat, merci Schluck
Schluck 18.09.2012 - 23:24
Dat kann ech novollzeihen smile
obskur 18.09.2012 - 19:49
Gefällt mir ganz gutt mischii, den Hierscht könnt geschwënn.closed_eye
mischii 18.09.2012 - 21:51
jojo e steet virun der Diir closed_eye
merci obskur
majolifa 18.09.2012 - 20:13
geseit richteg super aus wei honnertdausenden vun klengen Pärelcher
mischii 18.09.2012 - 21:52
e bijou vun der Natur, merci majolifa
Abacab 18.09.2012 - 21:12
D'Foto ass immens schéin! Gefält mer ganz gutt.
Fir se absolut genial ze machen misst een d'Rauschen am Hannergronn reduzéiren an d'Drepsen méi scharf kréien.
Mee all Foto muss jo net absolut genial sinn...
Ganz schéin geet och schonns duer closed_eye
mischii 18.09.2012 - 21:54
fir Macroen soll ee jo och e Stativ huelen
closed_eye merci Abacab
chrYstal 18.09.2012 - 21:50
Eng flott Detailopnahm. Ganz schéin fotograféiert.
mischii 18.09.2012 - 21:54
freet mech, dass se Dir gefällt, merci chrYstal
peiffemich 26.09.2012 - 17:10
Oha! Schéin! Leider eng vergänglech Schéinheet, mee am Hierscht gesäit een, Gott sei Dank, nees méi esou schéin "bepärelt" Spannennetzer closed_eye Ech waarden gespaant op deng nächst gutt Iddien
mischii 26.09.2012 - 23:04
ma da soen ech Dir 2x en décke merci, a waarden op schéint Hierschtwieder fir weider Idien

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 616 Gäscht online