Kommentar vum Fotograf:
De Col des Lègues net wäit eweg vu Castellane (alt 1146m)
Kuerz Geschicht wei ech op dess flott Plaatz komm sin.
Hu missten weinst engem Stage op Antibes fueren an daat um scheinsten Daag am Joer, nämlech enger -dem futéirte Bison no- Journée Noire op franséichen Autobunnen (4.August desst Joer)... Jo, lange Rede kurzer Sinn, ech war Moies um 8 zu Lyon an Owes um 8 (12 Stonnen fir 400km) zu Antibes, gekréint vu 4 Stonnen fir ganzer 60km Streck.
Mäi gudden Navi huet mech dunn iwert all Feldwee vu Lyon bis op Antibes geschéckt, sou dass ech no onzählegen Stonnen irgendwann op der Route Napoléon geland sin dei vun Grenoble roof bis Antibes verleeft.
Do sin ech du laanscht dess schéin Plaatz komm (alt den HIghlight vum Daag), nodeems ech da lo al Nationale tescht Lyon a der Côte kennen. ^^
Hoffen et gefällt, mee ka mech net sou richteg fir eng Versioun entscheeden, tendéieren zur Nummer 1. Wollt dofir mol är Meenungen dozou héieren.