Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Self-Made

 
All Fotoen an dëser Serie:
27820 Thumbnail
27821 Thumbnail
27822 Thumbnail
27823 Thumbnail
27824 Thumbnail
Self-Made
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.06.2012
  • Gekuckt:
    19665
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
    Juni 2012
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:
...naischt spezielles, ausser vill Gedold an net grad zwou lenker Hänn.
...daat komplizéierst war u sech de Balgen, ''d'Bauweis aus engem Buch'' deen ech hu missen konesch bauen fir dat en sech flach anneneen falt fir d'Cam zou ze machen.

Fir anzesetzen: [pg_img=64197]
Kommentar vum Fotograf:
...sou virun 28 Joer, an faszinéiert vun deenen enormen Detailer am Adams senge Biller, awer net deen néidegen Frick fir sech eng Groussbild ze leeschten, dofir awer deemols genuch Inspiratioun fir sech selwer eng ze bauen...

....esou munch gutt Negativ ass seinerzeit heimadden beliicht gin ier ech mir e puer Joer duerno eng Sinar zougeluecht hun.
suraki 10.06.2012 - 11:52
dachs guef d'Optik, de Verschloss an e Plang kaf,
an dann huet e Schreiner "d'Geheis" gemaach .
Déi Manfrottostativ .... misst nach aus Holz sinn smile
marker 10.06.2012 - 21:14
..deen eenzegen Plang wou ech haat war dee fir de Balgen, fir de Rescht war ech main eegenen ''Architekt'', an e Schrainer haat ech och net, mais wei gesoot, net grad zwou lenker Hänn..!! closed_eye

..d'Originaloptik wou ech deemools benotzt hun war een 135mm Voigtländer, awer schons mat agebautem Verschloss, um Zens beim Dumont kaft, hei op de Biller e bessi improviséiert mat méi neier Optik op Sinar Support.

..ben, Stativ aus Holz hat ech nii, an dëst hei huet och schons 20 Joer um Bockel, 5,5 Kg schwéier ouni Kapp, an och schons laang an der 'Pensioun'

suraki 10.06.2012 - 21:46
Se ass einfach schéin ze kucken, an dass de se selwer gemaach hues .... chapeau smile Den Dumont, ... hei um Site wäerte nach zwee dräi hien kannt hunn, schued et war nach ee vun deenen Gudden closed_eye
marker 11.06.2012 - 16:59
...[se ass einfach schéin ze kucken]... ...ech hun jo och genug Vernis op d'Holz gesprutzt closed_eye

tjo den Dumont, a senger Schipp a Berret, an eng Renault R4, sai Material um Spaicher, daat meescht zumindest, de Rescht irgendwou am ganzen Haus verspreet..., a wéi's de richteg soos, ee vun deenen Gudden an éierlechen.
Fennec 11.06.2012 - 08:54
flott Serie, baal wei wanns de se lo verkafen weils, awer deemols haets de och beim Dumont en Holzstativ kritt closed_eye
marker 11.06.2012 - 17:10
Merci Fennec, freet mech. Verkafen.....???, wou ech esou laang drun hantéiert hun, domadden si vil schéin Erënnerungen verbonnen, op kee Fall... closed_eye

À propos, ech hun se jo gebaut wëll ech d'Geld net haat fir mer eng ''Richteg'' ze leeschten, a vu dat ech no kurzer Zait d'Flëmm krut just Kontaktcopien vun de Planfilmnegativer ze machen hun ech mer ebenfalls ee 4x5 Inch Vergréisserer selwer gebaut mat 3 Streescheiwen an 4x150W Opalluuchten, ier ech mer ebenfalls spéider een 4x5 inch Omega D5 Dichroic II ''ee Monster aus America'' kaaft hun.
Bei Geleenheet posten ech och e puer Biller vun dësem sewer gebauten Stëck.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 456 Gäscht online