..."awer astarojna"...
ech hunn schonn opgepasst, Jaycee, an ech hu mir di 2 Zeilen gutt iwwerluet. Op elo eng wäiss Fra eng schwaarz-wäiss Box, oder eng schwaarz Fra eng wäiss-schwaarz Box unhuet, dat ass dat selwecht. Ech kann mir schlecht virstellen dass 1 a meng 2 Zeilen een rassistesch/sexisteschen Kommentar eraninterpretéiert.
... daat hat ech bei der Foto hei och nët geduecht... Beim Rousegärtchen
Och wann ët daat selwescht ass Charel, ass ët awer nët daat selwescht. Meng Efahrung an der Hinsiicht ass wanns de é Witz iwer é Wäisse mechs, da bass de am schlëmmste Fall eng frech S.., wann ët allerdengs ëm é Schwaarze geht, da bass de quasi scho mat engem Fouss am Rassistelager... enfin do kënnt én stonnelaang driwer diskutéieren.
..."Et brauch also ké mer direkt oder indirekt Rassismus ze ënnerstellen, wann ën ët trotzdem mëcht, dann ass dat säi Problem."...
Genau esou !
Ech hunn Joren an enger Cité Universitaire mat Leit aus dem Zaïre, dem Ruanda, dem Burundi, mat Türken, Amerikaner a Lëtzebuerger (!) zesumme gelieft, an ech hat ni e Problem mat engem, a keen hat e Problem mat mir.
Duerch mäin Beruff hat an hunn ech vill Kontakt mat Italiener, Portugisen, Spuenier, Mazedonier, Albaner, Fransousen, Däitscher, Flamänner, Wallounen, där vun St. Vith an Ëmgéigend, Leit vun der Musel, aus dem Minette, aus dem Éislek, aus der Staat, mat Leit vu Réiden, mat Männer a Fraen, etc......, an och do hat ech ni e Problem...