Eng interessant Foto déi eis ën ongewinnten Abléck an d'Welt vum Lëtzebuerger Fussball gönnt.
Waat denen Dammen hier Professionalitéit ugeet, esou kënnen'se hiere Kollege vum Terrain locker d'Waasser reechen. Wann ée gesait wéi déi heiansdo matt de Bäll ronderëm jongléieren, do kann een sëch och nëmme wonneren
Jo, staark Meedecher, demno wei een Senn vum Wuert.. Sorry, mee enner Cheerleaderen haat ech mir emmer irgendwei eppes aanescht virgestallt.. Do hun mer et erem : dei amerikanesch Filmer versauen eise Verstand..
Et ass jo awer keen hei deen de Geck mat hinnen mecht oder respektlos as !!
(ausser 1 vleit)
Si sin bestemt frou das se presentéiert gin, well, wiren se schéi an ouni selbstvertrauen, géifen se sech net an der öfentlechkeet weisen!! An ech fannen et kuul das se spass dru fannen esou opzetrieden.
Och wann mir deenen Girls hir Meenung hei nët kennen (d.h. wéi sie derzou stinn) gin ech dem R.J. awer 100% Recht.
Val, waat wollst du dann mat dëser Foto duerstellen?
Dem Val séng Intentiounen, d.h. waat en mat dëser Foto wollt äusdrécken, géifen mech och interesséieren!
Allgemeng géif mech och interesséieren wéi de rechtleche Volet do ass fier Foto ze publizéieren, wou een eenzel Persounen (am Géigensaatz zu Gruppebiller ab 10 Leit) erkenne kann...
Jop, rechtlech get et hei kee Problem. An dass ee Gruppenbild réischt ab 10 Leit wier, as ee Gerücht, dat steht néierens.
Veröffentlechen dierf en d'Foto och. Réischt wann een ee Lien zu iergendeppes hierstellen wéilt, kéint Problemer kréien.
Mee perséinlech fannen ech et net ganz fein, Leit déi selwer eventuel op dëser Säit surfen oder wou d'Wahrscheinlechkeet grouss as, dass Bekannten vun hinnen hei surfen, an enger sou ongënsteger Positioun duerzestellen. Well fotografesch get d'Foto, wou d'Leit de Kapp rofegschnidden kréien, net vill hir.