De Moment ass gutt gewielt, mä ech fannen et schued dass déi ënnescht Halschent esou am Däischteren ënnergeet. Do wier den Detail vum Steen, d'Textur a vläit wat drop steet flott ze gesi gewiescht. Eng einfach Manéier fir dat hin ze kréien ass mat engem Reflekter ze schaffen.
Ech hu mer dee Commentär erwaart, wéi ech d'Foto eropgelueden hun; et war schwéier d'Kräiz NET an d'Mëtt ze kréien, well ech onbedingt de Bâm als Bord lénks wollt hun an och d'Sonnestrahlen net wollt ofschneiden ... ech hun och nach eng ähnlech Breetkantfoto, do ass riëts nach méi vun der Uertschaft drop an déi ass manner zentréiert;