Eng Flott Serie, wei aus engem Werbeprospekt. hun hei keen Favorite, well se sin all richteg gudd.
Mee dei Saach mat der Folie ass emmer esou een Thema. Hun mer dat eng Kéier mei genau bei engem BMW oder beim Focus RS am schwarz matt ungekuckt ungekuckt, an dat ass oft net proper gemach. Mee dat huet lo net direkt epes hei mat denger Foto ze din! Do stemmt Qualitéit nämlech.
joh, effektiv gesait een schon op den Fotoen puer Scheinheetsfehler...dei kleng Téitsch fällt durch dMuster immens op, an och Kratzen sin an der Folie net ze flicken....
wier besser daat Ganzt direkt aus Carbon ze maachen, op daat bessen kent et dann och net mei un... (Ironie)
engem kolleg säin Papp huet een am wäissen an jo, sin dofunner iwerzeegt, dass et nemmen een DBS kenn sin, well dat as den eenzegen Aston deen duerchsichteg Reckluuchten huet.
Den Zousatz Vantage war am Ufank nëmmen vir déi leeschtungsgesteigert Versiounen vun engem Modell virbehaalen.
Dat as 1951 ugang mam DB2 Vantage. Anschliessend koum den DB4, DB5 an DB6 Vantage. An den 70er an 80er Joeren ass dun den Modell V8 och an enger Vantage-Versioun eraus komm.
1992-2000 ass dun deen eischten Modell ënnert der Bezeechnung V8 Vantage an enger Stéckzuel vun insgesammt 280 Autoen gebaut gin.
Den aktuellen V8 Vantage ass den Basismodell vun Aston an bezeechent net méi déi stärksten Versioun vun enger Baureih.
En DB9, DBS, Rapide oder Virage droen net den Zousaatz Vantage.
Daat hei sinn awer Super Detail-Fotoen déi all Fan vun dëser mythescher Autosmark mussen gefaalen.
huch FAARW!!! du sees et! as mer entgaang, amfong wollt ech et am kaalen, liicht bloen, s/w haalen...do passt dWiss effektiv net dran, dono get gekukt!
Ooooooh very nice! I like! Ech fannen Autoen notoresch schwéier ze knipsen, ech gesin du hues vill méi Uluescht an Ahnung vum Cadrage etc, nicely done, ech sin impressionéiert!
hmm...kent mer net oft fir dass ech mech mat Autoen beschäftegen (ech sinn eischter fir den Velo, du wees:P) mee war een interessanten Lack fir mat opener Blend ze knipsen..
hrhrrrr, en huet net mei an dGarage gepasst, dofir hun ech en alt virun der Dier knipsen mussen....
nächste Kéier reckelen ech main naien "Sport Utility Vehicle" e bessi, dann passen dei zwee och (vlait) niewteneen eran...
BlackPanther, bei Aston Martin as daat normalweis keng Folie do as daat een spezillen lack!
kriss de och well bei mercedes op sepziell unfroo waat esou em dei 20.000€ oder esou (keng genau ahnung!!) extra kascht!
Alrighty! ech hun weigesoot absolut keng Ahung vun Autoen (sen bessi iwwerrascht dass dFotoen hai sou een Uklang fannen....xD)
giff mech zwar interesseiren wei een daat als LACK hin kritt....op hierer HP sin verschidden Autoen awer effektiv als Carbon Look ze bestellen....
mengen op daat bessen, kent et do och net mei un...
hehe merci fir den Bleck an meng Galerie - waren spontan fotoen - muss mech mol nach enka mam Proprietaire an verbindung setzen fir en richtegen shooting mat dem Auto ze machen!