Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

LOVE

 
LOVE
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.08.2011
  • Gekuckt:
    27153
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/100
  • Blend:
    f/11.0
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Flash
  • Beliichtung:
    1/100
  • Gréisst:
    2000x667
  • Späicherplaz:
    424 KB
  • Originaldatum:
    23.08.2011
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikon 35mm 1,8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=58334]
Kommentar vum Fotograf:
Dëss Photo hunn ech vir de "Gegensätze Concours" bei Chip Fotowelt gemaach.

Si soll net d'Léift zu Waffen duerstellen, mä de Gegensatz zwësche Waffe an Léift.

Grousse Merci un de Stéphane, deen mech mat senge Waffe an Material ënnerstëtzt huet.
leena 24.08.2011 - 14:37
super idee! smile
ChLo 24.08.2011 - 16:32
Merci
Abacab 24.08.2011 - 15:35
Cool di doten, flott Aarbecht.
ChLo 24.08.2011 - 16:32
Merci.
Abacab 24.08.2011 - 16:50
De Sënn vun denger Foto ass bei mer direkt richteg eriwwer komm! Dofir fannen ech se gutt, en plus ass et wierklech eng extra Idee an eng propper Aarbecht. Di eenzel "Buschtawen"smile sinn gutt fotograféiert a fräigestallt! Den "E" gefält mer am beschten closed_eye
Pixelman 24.08.2011 - 16:20
Naja, egal enner wat fir engen Emstänn déi Opnahm zustaan komm ass, fier mech ass et eng Durstellung fun Krigsmaterial op eng simplistesch Art a Weis, fehlt nach just den Préis ënnendrenner an wou én se kan kaafen, sorry esou gesinn ech daat eben ChLo. Interessant wär et waat aaner Fotosfrënn doriwwer denken.
ChLo 24.08.2011 - 16:32
Et ass mir bei dëser Photo net drëm gaang fir eppes ze verherrleche, mä just ëm de Geegesatz zwësche deene zwee.

Datt Waffe kënne Léift zerstéiere, mä awer och Léift Waffe kann besiige.
DarkRoom 29.08.2011 - 17:43
dei Astellung ("Darstellung vun Krigsmaterial"closed_eye kann ech absolut net novollzeihen
Richie 24.08.2011 - 16:37
Krass.
Do muss een emol drop kommen.
ChLo 24.08.2011 - 16:58
Merci.
Pit 24.08.2011 - 17:24
Flott, sou eng Sammlung.
ChLo 24.08.2011 - 21:38
Merci.
ZerberuZ 24.08.2011 - 18:32
fannen d'idee super ... wann d'menschen waffen just nach fier konscht zwecker geifen ansaetzen anstatt weinst dommheeten ze bekaempfen wier d'welt mei schein
ChLo 24.08.2011 - 21:39
Merci,
Stëmmen dir 100%teg zou.
_MiAmI_ 24.08.2011 - 19:35
ech fannen et an deem Sönn ok/flott well ech selwer puer Steck besetzen an eben och neischt geint Waffen hun! Mee Bild keint muss ech eierlech soen, eischter eriwer als, Leift zu de Waffen als wei daat aanert elo. smile
ChLo 24.08.2011 - 21:42
Merci.
Ech hat guer net drun geduecht, wéi ech se gemach, datt d'Photo sou kéint interpretéiert ginn. Dat ass mir eréischt méi spéit beigefall.
Maimonides 24.08.2011 - 21:55
Am Chlo sengem Kommentar gëtt awer gesot dass dës Foto eng Illustratioun vum Contraire vun der Léift ass.
Wat mech elo fatzeg géif interesséieren wier dat hei: wei géifen eis Dammen dëse Géigesaz illustréieren ?
closed_eye
_MiAmI_ 25.08.2011 - 05:14
jo richteg hun daat och gelies, mee vir mech kent et sou river...
DarkRoom 29.08.2011 - 17:42
dito
bei mier koum et och eischter als Léift zu Waffen eriwwer als als Geigendeel/-stéck zu Waffen

an

ech kann em Pixelman säin Kommentar zur "Darstellung vun Krigsmaterial" absolut net novollzeihen
_MiAmI_ 31.08.2011 - 01:55
idem
Zersch 24.08.2011 - 20:06
Einfach nemmen gudd an (zumindest fir mech emol) , eng ganz nei Iddi !
ChLo 24.08.2011 - 21:42
Merci smile
jorsch 24.08.2011 - 22:08
Beandrockende Géigesaz!
Flott Iddi a flott verschafft.
Den einfachen Hannergrond gëtt dem Message nach méi Gewiicht!
Alles ass kloer!

ChLo 25.08.2011 - 10:26
Merci. jorsch

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 325 Gäscht online