ech wées nët wat soll schlecht sin, resp. kënt verbessert gin.
d'Perspektiv vleicht, dh. dat éen nët sou vun déem am HG
irriteiert gët
och vleicht lénks e bessi mei Loft/Plaatz
okay
Virum Crop huet den HG nach mei oofgelenkt (lenks an riets nach puer Äscht dran) - den Quadrat huet mer dun schon méi gesoot (sen uewen an ennen widder, mei loft gung net)
An bei 2.8 wier dBlaat net mei ganz drop komm...iergendswei en klengen Dilemma (vlait as et och den, den mech veronsechert huet!)
Fir mech ass dat eng Därekroun, Oli,
nët där schlëmmer eng,
mais där eng déi nach bléie kann.
Dat Saumon-Meloune-Rosa-Orange
an dat Olive Gréngt
an dee blatzeg bloen Himmel
sinn de Glanz.
Wou ech awer meng Schwieregkeeten hunn,
dat ass mam Cadrage.
Ech hunn elo just mäin Laptop héichgestallt
a gemengt deng Foto wier, esou gekuckt, besser.
Riets geschnidden géif och nach goen,
mais d'Picken musse bleiwen.
Alles an Allem: eng super Foto mat enormem Potential.
Lucht op den Bléien genial, wei hei schons erweent lengt den Hg ziemlech vum Sujet of vieleicht eng aner Perspektiv an mei no un dei lenks Bléi run an dei aner weg geloss sou dass de den Hg mei Donkel kritt hes.
D'Schärft an d'Liicht gefaale mer tiptop
Jo den Hannergrond stéiert mech och e bessi
perséinlech hätt ech uewen daat Bloot ewech gecroppt sou dass den ieweschten Aascht riets uewen en Eckleefer gëtt, mee dat ass awer lo adg