Merci Schluck.
wann een Insekten am Dag fotograféiert, hënnert et meeschtens, se beweegen sech einfach ze schnell,
muergesfrei , jo, da sinn se nach mäi lues
Jo, dofir woar ech jo och ee Samsteg den Moien (08:30) mais ech kann der soen dass se schnell wakrech woaren ... am Unfank hun ech iwwerhaapt keng gesinn, dei schengen sech gudd ze verstoppen
hass de gutt gemaach, jo mat Stativ ass een an der doter Situatioun immens onflexibel, maachen meng Makros an der Natur och ouni Stativ, den Moment ass jo sou eng schéin hell Luucht dobaussen
Ah dann sinn ech net den eenzegen. Ech hun schon ganz Famillen aus dem Naturschutzgebiet verdriwen, wann se mech (ganz schwaarz ugedoen) an meng Montur gesinn hun... THE WEIRD GUY IN THE BUSHES. :p
Merci Zora,
a wei verkleet dir iech da, wann dir an Natur gitt, da fäerte jo Insekten
ech hunn, an enger Hand mäin Tessy, an deier anere mäin Fotoapparat.
dat ass mäin Lieblingsinsekt bigmama, et sinn der nach net esou vill do, däi meescht kommen eréischt, bestëmmt erwescht du och nach een.
nach merci, fir däi Kommentar.