Merci, Olivier,
a ganz kleng ass deen Detail wou de "Personnage" säin lénke Fouss e bëssen hieft esou dass ee gesäit dass en ënnerwee ass (an net do steet). Eleng doduerch gëtt dee ganzen Szenario manner statesch....., mengen ech emol. (Dat war natierlech Zoufall).
Ech hunn vir d'éischt probéiert dat Ganzt S/W ëmzesetzen. Ech sinn do awer net richteg eens ginn, well de Personnage allkéiers wéi gekäpt ausgesinn huet. Zum Schluss hunn ech du gesinn dass dat net Fall am Sepia war. D'Technik ass net esou menges...
Merci, gloda.
Mir gefält dat Zeechnerescht, dat Croquis-méissegt wat eng "remontée des enfers" villäicht besser undeit wéi eng (richteg !) Fotografie. Ech ginn awer och méiglecherweis ze vill doranner sichen.
Merci, Michèle.
D' "Luucht" kann een och op de wäissen "écran" bezéien. Da kritt se eppes Kinosméisseges u sech wou de Film vum Liewen gewise ka ginn, zB.
Merci, xaph32.
Hei muss een duerch en enken däischtere Passage fir an d'Luucht ze kommen.
Mä och d'Luucht ass verschwommen, ongewëss ....
Rentéiert et sech all di Trapen erop ze goen?
Flott Foto! Wat ech se méi oft kucken, wat se mer besser gefält.