fir mech e bessen mei wei e protrait halt ech fannen d'foto immens schein, dem wilh sain ausdrock ass einfach nemmen super, d'pose och, alles schein douce. den make-up ass perfekt (an menger mehnung no exzeptionell gudd gemeet, d'aen sin super an den toun vum leppesteft perfekt) d'hoer genial. mir gefällt d'foto immens gudd. dat eenzegt wat mech perséinlech stéiert ass d'pärel, rsp, dat stierdengens, dass sou schued dass deen net riit erofhängt mee mei no enger sait. vlait steiert dat soss keen aneren mensch, mee fir mech brecht et e bessen d'harmonie...
hej deen corset hat ech schon an der hand oder? (pretty waist?)
alles an allem sin ech awer Fan vun deier Foto
Jo, d'Pärel hätt Ech kéinte Digitaal riicht maan, awer vue dass de Kapp op enger Sait hängt, hunn Ech et si geloss, Soss wier et zevill onnatierlech...
Fir de räscht: Jo Pretty Waist
An make-up ass D'Vanessa Almeida, ganz vill Talent an hunn hatt bis Juni all weekend gebucht
machen ët kuerz:
fir mech och ganz flott (MU, Koiffür, Bléck, Ausdrock, Haltung, Faarwkombinatiounen, ... Beliichtung)
mech stéiert och deen nët symetreschen bijou
an awer haaptsächlech, dass deen BH nët zum corset-bustier passt (also d'Kombi vun deenen 2), an wann een gedroen gëtt, dann sollt en och am Stil zum corset passen
(een amerikaneschen Portrait verstoppt daat )
Merci John, et get jo net mei vill kommenteiert, wäll d'Leit sech net gäer widderhuelen, awer ab und zu een "Flott Foto" oder e "super" kann motivéieren...
Wow dei do gefällt mir super gudd,fannen dei ganz kombinatioun einfach mega!Daat eenzegt wou ech eppes klenges auszesetzen hun,as deen bijou,hätt et besser font wann deen mei zentreiert gewiecht wär an net sou schief do geing hänken!Mee mam BH,dass deen schwarz as an corsette eng aaner fuarw,fannen ech grad gudd,fannen net dass et net zesummen passt,well schwarz as eng fuarw dei bei all aaner fuarw passt!Also wirklech gudd arbescht,wei emmer !
Gefällt mir och super gudd an allem. Dee ganzen Opwand huet sech op allefall rentéiert. Waat den Bjou ugeet, do as et dach awer just seng natirlech Positioun déi en anhelt well d'Joffer de Kapp liicht schief hält. Oder net?
zum BH ... ... d'Faarw ass nët den Problem, mee den Stil ... an bei esou Outfits sollt, ech soen "sollt", keen espace ze gesin sin teschent BH an corset
awer, daat ass jo just mäin POV (mee, nët nëmmen )
bon Vito ... du wees jo ... wann een nët vill fënnt dann sicht awer ëmmer nach ...
den BH, jo, deen nach eng Kéier, ass säitlech een bessen zevill anschneidend ... daat ass awer bestëmmt och gutt riicht ze "kurven"
Dann kommen ech och nach eng keier zum BH
Ech verstin ganz gudd waats du mengs JADE,sollt eigentlech och sou sin,mee mir perseinlech gefällt et bei deser foto eben grad gudd well et net sou as wei et "sollt" sin .Fannen daat aanescht an aanescht as hei an desem fall gudd