Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Die Happy (High Key) ?

 
Die Happy (High Key) ?
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (20.12.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.12.2010
  • Gekuckt:
    31085
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    2500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.333333333333 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    376 KB
  • Originaldatum:
    2010:12:16 19:08:01
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 f/2.8
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51484]
Kommentar vum Fotograf:
Hei d'Sängerin Marta Jandová vun der daitscher Band "Die Happy", geknippst de Donnechteg den Owend an der Garage zu Saarbrécken.

Sin mer nach nët secher mat den Termën, mais kann een dat als High Key Opnahm defineierën?

Den Recht vun der Serie fann der op www.heavymetal.lu:


http://www.heavymetal.lu/index.php/concert-reports/3967-die-happy-garage-saarbruecken-14122010
Metalbambi 16.12.2010 - 19:35
Ech géif dat do éischter als deelweis iwwerbeliicht definéieren... tongue (net béis gemengt). High Key ass d'ganz Foto no um Iwwerbleiichten, et sinn guer keng Déiften méi dran. Beispill (bëssen manner extrem geet och): mat Speck fängt én eng Maus ?
Schluck 16.12.2010 - 19:43
Ok ... dat wollt ech wëssen ob den Term hei unbruecht wier. Merci fir deng Hëllef
Gaga 17.12.2010 - 00:11
do gin t'definitiounen awer weit auserneen, och enner profien !
Schluck 17.12.2010 - 00:18
Ok ... wat geifs du dann soën ?
Gaga 17.12.2010 - 00:21
ech gin dem bambi vollkommen recht, mais high-key as net nemmen daat waat den suraki do gemach huet, ech duecht dat och emmer, mais am fong kanns de alles als hk defineieren waat en iwerduerchschnettlechen weiss-gehallt huet ...
zb meng foto sin as och en HK ...
!Dës Foto ass net méi am System!
Zora 16.12.2010 - 20:20
Gefällt mer smile
Schluck 17.12.2010 - 00:17
Merci Zora
gi87 16.12.2010 - 22:48
Gefällt ma immens gud, fannen d'iwerbelichtung get dem Bild mei dynamic irgendwei smile Super Geschoss op jiderfall smile
Schluck 17.12.2010 - 00:18
Merci gi87 (och fir den Fav) , hun se och nach ee Brochdeel vun enger Sekonn eichter mais dei huet eppes ... hun ech mol fonnt.
Gaga 17.12.2010 - 00:11
bis ob dei ofgeschnidden feiss, tip top dei do !
Schluck 17.12.2010 - 00:17
Do hues de Recht Gaga, leider sin se awer nët gaz drop. Wann ech se ënnen mei croppen gesait och nët besser aus .. Villeicht am Landscape ... probeieren dat bei Gelegenheet
Gaga 17.12.2010 - 00:18
get schwiereg, se as gemach fier am portrait... mais bon, kennt allt fier unhappy
Jeanny 17.12.2010 - 05:51
och dess ass dir wonnerbar gegléckt
Schluck 20.12.2010 - 16:45
Merci Jeanny
micky 18.12.2010 - 12:16
schéin.....
Schluck 20.12.2010 - 16:45
Merci micky
Metalbambi 18.12.2010 - 17:16
Probéier mol déi staark saturéiert orange Platzen am Gesiicht wech ze kréien, vrun allem ëm d'Nues, ënnert den Aan an beim Hoerusatz.
Schluck 20.12.2010 - 16:48
Hmm .. du hues bestëmmt recht, mais leider hun ech dei Zait nët fir eng Photo ze retoucheieren. Concertphotographie ass zwar och eng art Portraitsphotographie mais ech wëll net och nach unfaenken meng Photoën am PS ze machen ... dann gin ech jo nie mei faerdeg.
Metalbambi 20.12.2010 - 20:01
Dat do misst de awer am RAW-Konverter riicht gebéit kréien oder mëss du JPG?
Schluck 20.12.2010 - 20:16
Nee ... nëmmen Raw, hun d'Temperatur mol erofgesaat an lo gesait ët schon besser aus ... hues de soss nach een Tip ?
Metalbambi 20.12.2010 - 22:29
Noe, zefridden... tongue
Häss och kennen spezifesch déi orange Téin desaturéiren.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 653 Gäscht online