Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Longue Pose HDR

 
Longue Pose HDR
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (05.12.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.12.2010
  • Gekuckt:
    52452
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    93
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x683
  • Späicherplaz:
    393 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 1D MK4
  • Programm:
    HDR
  • Objektiv:
    16-35 Canon
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51116]
Kommentar vum Fotograf:
Dess Foto ass realiseiert ginn matt enger Teschnik vun der Longue Pose an HDR (neischt Originales, trotzdem).
Den Zweck war én True Tone ze erreschen den d'Foto liesbar geif machen wei wann dess eng einfach ausgestalten Foto wier.

D'Puristen geifen den Horizont kritiseieren ... an dénen ginn ech rescht.

D'Foto ass ersaat ginn mat den Suggestiounen vum TomEwert

gtaddei1 02.12.2010 - 02:17
KLICKEN!!!
deBaemm 02.12.2010 - 02:39
OU! jo gelickt, an ech hu gesin fiirwat, gefällt mer gudd, schéin Hieschtfaarwen, se harmonéieren absolut genial mat deem ville Blo!
gtaddei1 02.12.2010 - 12:45
Merci villmols
Zora 02.12.2010 - 05:09
Also Herr gtaddei... deen himmel do.... also.... ech fannen se sauflott... wauuuuuu closed_eye
Cacha 02.12.2010 - 07:33
Icke och smile. Vun den Farwen an der Reflexioun ofgesin, fannen ech perséinlech d'Stäng bei sou Fotoen emmer daat schéinstent Element.
Zora 02.12.2010 - 08:42
Stemmen der vollkommen zou smile
gtaddei1 02.12.2010 - 12:45
Merci dir 2 ... ganz leiw... Jo D'Steng hunn missen dropp kommen .. evidentsmile
Zora 02.12.2010 - 15:16
Ob jiddefall, Steng mussen sinbigsmile
gtaddei1 02.12.2010 - 15:42
Absolut, ... ! Do ass guer keen doute!
Jeanny 02.12.2010 - 07:29
alles dreet e bësschen ronn smile
ganz flott Faarwen
gtaddei1 02.12.2010 - 12:46
Jo ... den Effekt vum Baam am Waasser an dei Wolleken dei och e beesi eng Kurve machen ... an d'Steng Ufer...
Merci Jeanny
MIPI 02.12.2010 - 07:46
Super Foto, Super Faarwen...
gtaddei1 02.12.2010 - 12:47
Merci villmols
Pelz 02.12.2010 - 10:53
Genial naturopnahm!
gtaddei1 02.12.2010 - 12:47
Merci ... Genial ? net iwerdreiwenbigsmile
Pelz 02.12.2010 - 19:02
Ech geing niemols iwwerdreiwen smile
gtaddei1 02.12.2010 - 19:05
Dann villmols merci vun Herzen!
m-otiv 02.12.2010 - 11:09
ganz flott hues Du daat hikritt
McQueen 02.12.2010 - 11:22
So Vito,

huet de Gennaro net mol eng kéier gesott, dass Bracketing den Shutter futti mecht ? bigsmile tongue
m-otiv 02.12.2010 - 11:44
jo...an den eenzegen deen sech hei iwwert een horizont opréégt, ass hien selwer bigsmile
McQueen 02.12.2010 - 12:28
bigsmile bigsmile bigsmile
gtaddei1 02.12.2010 - 12:49
Ech machen kéén Bracketing! Alles Manuell Jongen!
Jo ... hai an do schon én Bracketing wann ech keng Looscht hunn den Dreifouss eraus ze huelen... Mamm 1D kenn ech , ewei fir Nikon, 9 BKT machen awer dei ech anstellen kenn mat waat fir eng IL décalagen.
Den Horizon ... wollt op Preventioun spillen smile Den ass jo voll an d'Mett ... Mé do war alles interessant op daer Plaatz, no mengem Gefill ...
Merci villmols iech 2
henridacruz 02.12.2010 - 11:18
Wow genial. Déi hei gefällt mer richteg gudd smile
gtaddei1 02.12.2010 - 12:51
Merci ... sinn frou dass du dat gutt fenns
McQueen 02.12.2010 - 11:18
S..gudd Gennaro

mais wei laang hues du dann elo belicht ?
gtaddei1 02.12.2010 - 12:54
Ech hunn mat engem ND3 geschafft ...
Etant donné dass ennen relativ vill Schied war an den Himmel kloer ewei eau de roche , relativ speit am morjen (och wann et Oktober war) war Dynamik relativ brét... dofir 2 Opnahmen dei eng fir den Himmel an dei Aaner fir d'Schieter.
Den trick ass natirrlech dem Photomatix oder Nik HDR net den Aligning ze activeieren.
Dann de Recht ass eng Saach vun PS (awer ganz sobre)
Dei 1scht Expo war 1 Sec an dei 2t 24 sec.
Nagarjuna 02.12.2010 - 13:07
Den Ghosting an den Wolleken häss du awer mat dem neien Photomatix wonnerbar erauskritt. Hues du dat schon probéiert?
gtaddei1 02.12.2010 - 13:14
Né du huess mir daat schon gesoot. Ech haat mat enger Aaner Foto probeirt mé dat ass mir net esou gelongen.
Wan ech awer de Gjosting do eraus huelen well waat geschitt dann mamm Waasser? Mmmmh dat misst klappen awer. Mol kucken , probeiren et .
Steiert daat vill den Ghosting? an den Wolleken

Huet Josette Testostérine dir nach net ungeruff? Ech ewei én Paerd hunn himm och nach meng Telefongsnummer ginn , ech hoffen dass hien dei verleiert angry
Nagarjuna 02.12.2010 - 13:24
Hahahaha! bigsmile Nee, bis elo nach näischt. smile
Ech puchen dech mat Watt bis dass du Blutts! bigsmile
Den Ghosting stéiert eigentlech net vill. Et ass just well ech dorop oppassen dass ech et gesinn hunn. Awer soss fällt et bestëmmt net sou op. Ech kéint mir awer virstellen dass du dat gutt erauskriss am Photomatix. Dat geet elo neierdéngs wonnerbar. Ech war ganz erstaunt.
gtaddei1 02.12.2010 - 15:13
Probeiren daat den owend.
Watt bis een blut....
1000x ROFL
Poly 02.12.2010 - 11:28
fannen et dësem Fall mam Horizont ubruecht well dat l zu der ganzer bea passt , insgesamt eng herrlech Opnam
ps mech stéiert e bëssen de line déi am Waasser duerch d'Bild leeft closed_eye
gtaddei1 02.12.2010 - 13:00
Jo dat war an der ganz liichter Streimung drann ... Wann ech daat awer probeiren eraus ze huelen dann get et dourno guer net gutt ... et gesait én et zefill ... Ech hatt keinten dei PLaatzen e bessi ofdonkelen mé dann verleiert d'Foto un Gleichgewicht ... Also dat hescht dass ech dat probeiert hunn ze corrigeiren ... mé et waer , bei mir, eppes schlemmes eraus komm ....
Also hunn ech d'Fangeren davunn gelooss.
Merci fir deng Kritik an fir
Poly 02.12.2010 - 16:32
merci och, grousse meeschter smileclosed_eye
gtaddei1 02.12.2010 - 16:46
Elo ginn roudbigsmile
Poly 02.12.2010 - 16:50
awer am rawformat please bigsmile
gloda 02.12.2010 - 13:51
E ganz interessanten Effekt. D'Foto ass gelongen.
gtaddei1 02.12.2010 - 15:13
Merci fillmols. Mir sinn gescht baal matgeholl ginn. Fro mol de xaph an den nagarj.
gloda 02.12.2010 - 15:54
Wéi, wart dir dat wou d'Flicken mat 4 Autoen rondrëm stoungen?
gtaddei1 02.12.2010 - 16:15
Nee , mir waaren iessen an sinn dourno vun 2 taataen ungemeet ginn, mee ouni gene!
gloda 02.12.2010 - 16:31
Ah. Den Johny an ech sinn am Convoy tëschent 4 Policeautoen gefuer bis déi entzwoueg ofgebéit sinn. Hat schonn gemengt dass déi iech matgeholl haten smile
gtaddei1 02.12.2010 - 16:44
Nee , awer dei stungen och nach op der strooss.
Nathy82 02.12.2010 - 15:46
Een wuert :
HERRLECH smile
gtaddei1 02.12.2010 - 16:44
Vill mols merci
suraki 02.12.2010 - 16:40
top ech brauch och en groooooofilter,
an wéi schonns ernimmt, déi Wollek
mmm, stéiert (mech) net wierklech closed_eye
gtaddei1 02.12.2010 - 16:48
Dee kennt Ed , ech waarden och.
TomEwert 02.12.2010 - 18:24
bei dem ganzen luew trauen ech mech et baal net ze soen ... mais kippt se net en bessi no lenks?

dovunner mol ofgesin, gefaalen mir d faarwen hei ganz besonneg gudd och wannste et bei denen rouden tein en bessen gudd gemengt hues mat der saturation. wann ech mech net iiren sin do en puer roud blieder ausgefross (ennert dem eischten aascht vun dem decken baam)
gtaddei1 02.12.2010 - 19:05
Daat met den Rouden Blieder , kenn ech dir soen dass ech esouguer mat dem Rouden Kanal e bessi eroof gangen sinn (awer nemmen é ganze bëssi).
Also , dess Foto as zu Boston geholl ginn ... an ech war absolut erstaunt iwert d'Frischheit (D) vun de Fuerwen vun der Vegatatioun... Einfach flott (an ech mengen dass eben dei Geigend bekannt ass fir sein Eté Indien ass.
Wei mengste daat mat ausgefross?

Dat mat liicht no lenks kippen , keinste Recht hunn , ech hat meng Mini Wo an dén waar wagerecht. Mé wei soll ech dann dei Distortioun do flecken? D'Distanz zum ënneschten rand vun der Foto ass baal dei selwescht iwert d'Ganzt laengt vum lenken Ufer?
Mmmmh Ekzellent Kritik ... mé ech moossen mol alles no fir dir awer elo net onreht ze ginn ouni pièce à l'appui
Jo nemmen Luew ass Langweilesch ... smile
Merci villmols
TomEwert 02.12.2010 - 21:19
du wees jo ech schreiwen just na 'kritiken' bei leit déi se verdroen, an et net falsch ophuelen. kruet der schons en puer mol ze oft hannert baaken bigsmile

ma mat ausgefross ... daat ass vllt. och net den richtegen terme bei faarwen (w.e.g. verbessert mech) mengen ech dass verschidden blieder duerch d'manipulatioun vum rouden kanal en bessen verschmelzen. an deem senn, dass d'blieder net wéi soss iwerall op der photo kloer ofgegrenzt kennen gin, mais quasi verschmelzen zu rouden 'flecken'

d'faarwen sin absolut genial, daat muss ech einfach nach engkéier hei gesot hun. an ech kéint dir et elo net mess-technisch erklaeren, mais vun gefill hiir kippt se licht no lenks. ech kucken elo selwer na engkéier am ps no bigsmile

alles gudds,
tom
gtaddei1 03.12.2010 - 09:02
MErci fir dein Hinweis... ech hat dat Gefill och mé ... hmmm wann én Aneren dir dat sét dann gett d'Gefill eng Iwerzégung.
Ech verbesseren den Owend den Fehler

De Mautsch an de Blieder war villeicht d'Lofft dei die Blieder do gewackelt hunn ?

Merci nach eng keier

sylvie 02.12.2010 - 18:59
ech kann nëmmen staunen, superflott, kennt bei meng favs cool
gtaddei1 02.12.2010 - 19:51
Merci 2x ... smile
Gaga 02.12.2010 - 19:54
stark dei do ...
super farwen
gtaddei1 02.12.2010 - 23:22
Merci marco , sinn frou dass du hai stoen bliwen bass
Gaga 02.12.2010 - 23:25
dat ech erem zereck kom sin, well ech hat dei verpasst !
gott sei dank verleiert een sech nach heiernsdo an den mei aalen fotoen heibigsmile .... vun weini as se iwerhapt ?
vun gescht, ups, dann wor ech jo net esou weit zereck ...
gtaddei1 02.12.2010 - 23:31
Ech verleiren der och vill, mee bon , et iwerliet jidderen.
Scheinen owend!
ZerberuZ 02.12.2010 - 19:54
baal sureal ... super .. good job chief smile
gtaddei1 02.12.2010 - 23:21
Merci, ma ech sinn dach de cheffe!
Schluck 05.12.2010 - 20:08
Eng ganz schein Photo, immens Kontraster an Foarwen. Dass dei eischt geif haenken wier mer nët opgefall wann keen ët gesoot haet an ech dei zwou nët nierwent ennen gesinn haet.

Respekt TomEwert dass du sou eppes gesais.
gtaddei1 05.12.2010 - 20:18
0.75Grad huet dei gehangen... an effectivement Super gesinn
Schluck 05.12.2010 - 20:26
Ech froën mech ëmmer ërem wei dir dat dann eraus kritt ... ech mengen ech brauch onbedingt emol ee PS cours ... Gëtt et sou eppes hei am Land ?
gtaddei1 05.12.2010 - 20:57
Nee oder dach mee wees net wou. Ech sinn autodidakt.
Schluck 06.12.2010 - 08:18
Ech normalerweis och, mais dei lescht Zait hun ech einfach zevill ze din.

Iwweregens ... ech mengen du hues een Abo fir d'Wochenphoto closed_eye
gtaddei1 06.12.2010 - 08:32
Jo wei schlemm!
Schluck 06.12.2010 - 08:56
Fannen dat guer nët schlëmm ... deng Saachen sin numol immens flott.

Hun ech ee Freideg mol dei Naturphotoen bei ierch ënnen gesin ... wees den Numm vum Photograph nët mei. Do woaren zwar och ee puer ganz flotter dobei.
gtaddei1 06.12.2010 - 09:13
Jo dei sinn vum ... hmmm ... vum Schmit mengen ech... ech soen dir daat mei speit.
Allzaiten dei sinn all am Argentique... an dei haengen do schon op mannst 20 Joer
Keup 06.12.2010 - 10:24
Gratulation dei ass wierklech flott.
gtaddei1 06.12.2010 - 10:46
Merci ... villmols.
m-otiv 06.12.2010 - 10:26
gratuléieren...meng Stëmm haas Du
gtaddei1 06.12.2010 - 10:46
Merci Vito...
2 LAndschaft Fotoen ... an der WF hannerenén... Komesch!
m-otiv 06.12.2010 - 10:53
jo...haal op elo!! closed_eye
gtaddei1 06.12.2010 - 11:13
Maachen mein bescht ...
m-otiv 06.12.2010 - 11:44
ma grad net
gtaddei1 06.12.2010 - 11:48
wei dann ... machen mein bescht fir op ze haalen smile
Keup 06.12.2010 - 10:54
meng och
gtaddei1 06.12.2010 - 11:14
Merci fir all dei Stemmen ...
Zora 06.12.2010 - 10:59
Ganz verdingt fannen ech, gratuléieren smile
gtaddei1 06.12.2010 - 11:14
Merci Zora... Nu je hunn et awer net express gemét... smile
Zora 06.12.2010 - 11:27
...... bass de do ganz secher closed_eye
gtaddei1 06.12.2010 - 11:30
JO...!bigsmile
Zora 06.12.2010 - 11:36
Ok.... Ech gleewen der et jo closed_eye
gtaddei1 06.12.2010 - 11:50
Merci smile
An elo waerd ech just nemmen Studio Fotoen eroplueden ... dann ginn ech vum PHOTOGEN ausgewisen ...
Dann sinn der zech dei mirdann de Fotoaparat ewesch huelen waerten
Zora 06.12.2010 - 11:51
Yeaaah ! Den suraki am " bloen" Tütü Lolllll closed_eye
gtaddei1 06.12.2010 - 12:21
Ahhh ... Yesssss gutt dass du mech drunn erenners... Mol kucken weini!lol
Jay 06.12.2010 - 12:58
Excellent Photo. Du gess mär loscht HDR auszeprobéieren
gtaddei1 06.12.2010 - 13:04
Firwaat net ... Dess ass matt 2 shotten gemeet ginn
An merci fir de Fav
NikonD80 06.12.2010 - 20:13
Gratulatioun smile
gtaddei1 06.12.2010 - 20:46
Thx very fill
crici 08.06.2011 - 18:21
Schein Foto smile
D Fuerwen gefaalen mir wirklech immens smile stecht einfach ganz gudd an d aan. An d Waaseruewerfläach ass och ganz flott gestalt smile oder bessergesot flott geknipst smile
gtaddei1 09.06.2011 - 12:36
Erem Boston ...

Waat ech hai geknippst hun ass dei Sinusoid dei d'Aescht , de Schied vun Aescht an d'Wolleken maachen... én flotten Kontinuum hunn ech mir geduercht
abrissreif 27.06.2011 - 10:30
Sieht ganz gut aus, nur der ausgefressene Himmel stört mich.
Den könntest du auf verschiedene Weiße ganz leicht aufnehmen!
gtaddei1 27.06.2011 - 20:25
Upps da ist nichts was ueberbelichtet ist ...
abrissreif 01.07.2011 - 09:42
Der Himmel ist nicht mehr blau und hat keine Zeichnung, da spricht man schon von ausgefressen bzw. überbelichtet.
gtaddei1 01.07.2011 - 12:14
OktoberHimmel mit Sonne hinten Rechts...
Haste Recht aber besser gehts nicht ... glaub ich

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 289 Gäscht online