Tiens, lo hunn ech mech verklickt an du bass an der Wochenofstëmmung D'Bild ass gutt, awer et erënnert mech un zwou Saachen: zum engen un déi Aktioun wou bei PG Treffen Miel duerch eng Fläsch (oder en Staubsaugersrouer...) an d'Feier geblosen ginn ass, an zum aneren un eng Technik wou ech bei esou 'Explosiounen' huelen fir méi Struktur an d'Feier ze kréien: ech stempelen do vum Bord e bëssen Struktur an d'Mëtt wou et méi hell ass, dobäi setzen ech den Stempel op 'Darken' an net grad voll Deckkraaft.
Vir d'éischt emol merci fir de Kommentar an dat verklicken do
Ech well der awer elo net och verklick(er)en dat ech immens vill hei drunner geschafft hunn, et war eng 10 Minutenaktioun vun Haut an eisem Gaart. D1 op e Maximum 8 Biller/s gestallt, an dat Bild mat der beschter Flaam geholl.
Net vill trallala mam verschaffen, u sech just e bëssen um Kontrast gespillt, en Layer multiplizéiert an e bëssen Luucht dran gemoolt. E Stempel huet dëst Bild, ewéi een um TShirt geséit, net gesinn.
Ah jo, vun ëm 30? Biller, sinn der fléicht 5 ze gebrauchen *gg*
merci Michèle, iergendwéi huet een ëmmer d'Wiel tëscht Pescht a Kollera
Hu virgezunn derbäi ze sinn, aneschters wär et soss wahrscheinlech hannert der Schoul, mat Kollegen probéiert ginn ?
an e Bild ass och nach derbäi erauskomm
sou ass et Ed, an denk un d'Sprechwuert: was ich nicht weiss...., ..an da schloofe mer roueg!!
spéider beichten se , an der laache mer nach driwwer, obschons et guer nët sou lächerlech ass