Maat mengem normalen DX 18-105 Objektif hätt ech am Zoomberaich mat enger 5,6 Blende missten schaffen. Daat wieren wohl ganz daischter an total onscharf Photoen gin.
Am Picasa hun ech fonnt et géif een schéinen Kontrast gin mat deem knackegen bloen Ford an deem groedaischterem Bësch opp engem vereenten an niweligen Samsdegmoien.
Ech wollt déi Serie am Ufank nemmen S&W maachen, mee wéi ech gesin hun daat den Escort esou eng flott bloe Faarw huet, ech déi mol bessen erausgefiltert.
Jo, ass wierklech genial. Well ech am DX format knipsen, get aus den Vollformatobjektif een 105-300mm. Passt super zu mengem 18-105mm.
Daat geilst um Objektif ass awer déi konstant Blende vun 2,8 mat der een iwer déu ganz Brennweit zur Verfügung huet.
Wi ech d'Rallyebiller do am Besch gemacch hun, konnten d'Konditiounen net schlechter sin: Reen, Niwel, Groen Himmel an och nach deelweis dichten Dennenbësch. Opp den Biller kéint net eraus wei daischter et do war. Sin awer trotzdem opp der plaatz bliwen well do vill Bulli an enger Kéier. Engem Zeitungsfotograf war et do ze daischter. D'Objektif huet een maximum vun Liichtstaerkt an d'Biller gezaubert. Hätt ech esou net geduecht.
Bon, muss elo nach just mol bessen testen wéi et enner normalen Konditiounen klappt. Mee well daat neit Objektif net méi hirgin. Trotz happegem Praiss vun 2000 Euro. Daat as awer den eenzegen Nodeel. Gewicht ass fier mech ok.
Eben, du sees et! An ass och Vollformat kompatibel. Mee déi Vollformat Bodien sin mir ze deier an waert souwiesou déi vill manuell Astellméiglechkeeten nie ausschöfen kënnen. Ech schielen éischter opp déi nei D7000.
Jo dat mat den manuellen anstellméiglechkeeten hat ech och emol geduecht. mee bei mär ass et awer trotzdem esou dass ech ëmmer rëm eppes neies well probéieren.