Ass leider elo net wierklech menges well et mir ze propper an dofir och bessen ze flaach ass.Hunn elo wierklech net vill Ahnung war just dat wat mir zur Foto Direkt angefall ass.Kannn mir virstellen dass et vill Arbescht war.
D' Faarwen sinn esou komesch well et net am srgb als Faarwprofil gespäichert ginn ass mee am ProPhoto RGB. Drop oppassen dass beim Roplueden eng Foto ëmmer als éischt an srgb gewandelt gëtt, well soss ginn online Librairien déi Fotoen resizen net eens mat der Faarw, an der d' Browseren och net. E Beispill wéi et och nach oft falsch gemaach gëtt: http://www.photogen.lu/?page=view_tut&id=82
Ass mir e bessen zevill mat Lightpainting iwwerdriwwen. Hannen um Reck haas de eng ze déck Spetzt am Photoshop, well do gesäit een et besonneg gudd. Och sin deng Masken net iwwerall propper (di 2 Ärm, Fangerspetzten, Hoer zum Beispill).D'Schwert schengt keen oder en ze schwachen Schiert ze hun a gesäit aus wi op d'Wand opgepecht. Zudeems sin d'Pooren vum Model am Gesiicht quasi ganz verschwonnen. Well och am Film 300, deen iwregens menegr perséinlecher Meenung no grottenschlecht ass, an nemmen duerch seng Filmtechnik vun sech schwätzen deet, gesäit een d'Pooren vun den Acteuren.
Sorry mee fir mech perséinlech keen gudd Beispill, ech sin och nach am üben. Et ass net sou einfach ech wees.