Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lëtzebuerger Apel

 
All Fotoen an dëser Serie:
10389 Thumbnail
10390 Thumbnail
10391 Thumbnail
10392 Thumbnail
10393 Thumbnail
Lëtzebuerger Apel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.09.2010
  • Gekuckt:
    37299
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
    29.09.2010
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Objektiv:
    Nikon 50mm 1.8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
2. Kategorie: Bewegung »» Misc
Extras:
Stativ a Blëtz

Fir anzesetzen: [pg_img=49342]
Kommentar vum Fotograf:
An Apple a day, keeps the doctor away.
g3ckko 29.09.2010 - 14:46
Lo well ech an de Bildschierm beissen! Flott spretzeg Serie. Dei Dynamik dran gefällt mer deck gutt. D'Waasser as sou schaarf gerooden, et keint ee baal mengen et wier Eis.
ChLo 29.09.2010 - 19:01
Merci Philippe.
Die_Bildhauerin 29.09.2010 - 16:25
Flott... smile))
ChLo 29.09.2010 - 19:00
Merci. smile
Laurent76 29.09.2010 - 16:39
Super ass dat doten ginn...!


Schwaarzen Hannergrond.....jo, ass och gutt, ech well och elo net soen daß Blo besser wär mä ech kann mir et elo emol besser virstellen...., Waasser géif mengen ech dann besser wierken...., oder mam HG verschwammen...hm, dat misst een schon ausprobéieren.

Däerf ech froen weis te et gemaat hues? Waasser vun uewen ob den Appel an Foto duerno gedreit?
Mee wei hues de dat dann gemat fir Waasser esou schaarf ze kréien. Geet hei 1/200sec duer...., knapps oder?
ChLo 29.09.2010 - 19:00
Merci Laurent.

Schwaarze HG, well ech keen bloen hunn smile
Ech hunn se an der Douche gemaach. Den HG hannen fest gepecht. Den Apel hunn ech dunn an d'Mëtt opgehange an vun ënnen lenks d'Waasser aus engem Glas drop gesprutzt. D'Photo dunn mat Stativ a Blëtz (1/250) geholl.
Laurent76 29.09.2010 - 20:19
et ass awer emmer daat selwegt mat deenen HG closed_eye

Ah, du hues Waasser also esou drop gesprutzt wei eT hei ob der Foto ass. Ech haat elo geduercht du häs Waasser vun uewen drop geschott an herno Bild gedreit.

1/250 an et ass esou scharf gin...., pas mal, hät ech elo net geduercht....
suraki 29.09.2010 - 17:42
an d'ganz Kichen erëm ënner Waasser,
bei mer kenn de net an de Studio !!! smile
ChLo 29.09.2010 - 18:53
Ech léiere bei, dës Serie ass an der Douche entstan. closed_eye
Nicon07 29.09.2010 - 18:14
A wat mécht ee wann den Aapel de Schnapp huet, wéi deen hei?


smile
ChLo 29.09.2010 - 18:51
Et leet een e waarm, z.B. op eng Ätonguepel Taart. smile

Nicon07 29.09.2010 - 19:27
Wow, jo! Dat ass eng lecker Iddi.
mischii 29.09.2010 - 22:33
sprëtzeg , frësch, cool
mir gefällt no5 am Beschten
gudd , dass do nëmmen Waasser opzebotze war
ChLo 30.09.2010 - 08:38
Merci mischii.

Ech hat schon sou Photoe mat Mëllech gemaach, an dat ass vill méi eng Sauerei, vir dat ze botzen, besonnescht, wanns du e puer Sprëtzer vergiess hues, an déi dréchnen an.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 297 Gäscht online