Dei 3te ass der excellent gelongen...., ech muß der gestoen daß ech mir se em 180° Grad gedréit hun, dann geseit een ereischt richteg den Ausdrock vum Meedchen mat den gestreckten Been an dem Här am Hiem mat Carro...., ech mengen deem war et wirklech net mei egal....! (Ech hat emol gelies daß eist Gehier Gesiichter ob der Kopp ganz schlecht verarbechten an erkennen kann..., dat schéngt hei ze stemmen, den Här war mir zwar och hei opgefall mä esou richteg erkennt een dat eréischt wann et gedréit ass...
Ajo, den Himmel lenks uewen an ennen hätt ech e bëssen méi hell gemat, evtl mei "schein-Wieder-hell-blo"
Déi drett ass genial. Déi Leid wessen bestemmt net wei dämlech se ausgesinn wanns de do eroof kommen
Déi aaner sinn awer och flott. Hass en gudden Daag erwescht, hued mol net gereent an deen bloen Himmel gedd den Foto'en epes raares vun der Fouer
Super Serie Jeanny!!! Wann dei dooten schon esou sinn, dann huet et jo net vill Senn meng "fff" Foto fir den Concours ze schecken... Egal, maachen awer mat!