Op der sprungschanz, 3 Oder 4 meteren heisch, sinn do rop gelaaf an dan huet e jounke kerel mech dobai gehollef erop ze kommen. Ech hunn missen oppassen ewei ech gedreppelt sinn SOSs war ech awer eroof geplumst.
Mé awer immens flott ennert därer frecher Jugend... Nu jé ech muss vil verpasst hun an menger ... mat dem blöden Lycée an dourno op d'Uni ... nemmen Geleierts... Dann liewen ech dat eben durch mengem klengen an meng Neveuen
Merci , hunn Mir awer dobai e bessi um reck Wei gedoen.... Awer eppes muss ech soen... 500 Oder esouguer mei kanner an jugenden... Me alles friddlech an frou... Mir Oder ech waren mei schlemm.
An die sportler ... Super
hehe ech stoung och eng Zaitchen ennen bei der Halfpipe nozekucken, haat och gesinn weiste uewen mam Apparat gehockt hues, vläit sin ech jo och op enger vun dengen Fotoën drop
Main Highlight op deser Foto ass awer den Fotograf ennenriets deen ausgesait, wei wann en dech geif fotograféieren
D'Foto ass der ganz gutt gelongen. Leider kann een sech nemmen bedengt fierstellen, wei heich dei Pipe wierklech woor ... ech wier do net ropkomm
kleng Randbemierkung: den bloën Punkt ganz uewen riets hätt een na kinnten ewechmaan.
Meiglesch .. mé dann misst ech dann och wessen weiste ausgesaiss.
Ennen Riets haat ech gesinn ... ben et waren der esou vill do dass ech praktesch op allen Fotoen op manst 1 drop hunn ... ausser dei ech vun ennen geholl hun.
Also 24 mm Brennwait ... mei konnt ech net maachen fir d'Heischt duerzestellen... mé dimensioun vun de Lait get schons e bessi un wei heisch dat keint sinn . Soss hätt én sech missen op d'Strooss stellen an mamm Télé knippsen ...
De Bloen Punkt... upps ... én Flare ... hunn ech nett gesinn
ma ech haat een rouden "Flogging Molly" T-Shirt un an eng schlabbreg donkelbrong Drei-Veirels-Box bessi wei deen, deen schon op der Foto lenks drop ass, mee halt roud statt sou orange haha