Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lighting The Night

 
Lighting The Night
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.07.2010
  • Gekuckt:
    64854
  • Favoriten:
    7 (Wen?)
  • Kommentarer:
    47
  • Beliichtungszäit:
    33sek
  • Blend:
    f11
  • Brennwäit:
    20mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    Autopharen
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x465
  • Späicherplaz:
    67 KB
  • Originaldatum:
    02.07.2010
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Sigma 12-24mm
Kategorie: Natur »» Blëtzer  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=46917]
Kommentar vum Fotograf:
Hun endlech mein eischten Bletz gefaangen an hat endlech nees Zeit fir puer Fotoen.
tomdi 05.07.2010 - 09:58
Ganz schein, ...
Keup 05.07.2010 - 10:12
Merci closed_eye))
m-otiv 05.07.2010 - 09:59
ganz schtark Foto...gefällt mir ganz gutt
Keup 05.07.2010 - 10:12
TY closed_eye
gi87 05.07.2010 - 10:01
Do ass einfach just Geil !! Gefällt ma immens ! Do ass bestemmt net einfach gewiercht ?
Keup 05.07.2010 - 10:11
Merci gi87. Oh hun sou oft probeiert bis ech en Bletz drop hat an duerno huet dann eng 2t Person kurz d Luuchten vum Auto ungemeet fir den Wee bessen ze opzehellen just eier ech d'Beliichtung mam Apparat ofgebracht hun.
gi87 06.07.2010 - 10:27
Merci vir aklärung smile Da wees eshj och mol wei en sech dobei unleet closed_eye awa ganz ongefeierlesch ass dat io awa och nit smile net dass den Bletz an den Apparilo anschleit hehe closed_eye
Keup 07.07.2010 - 09:50
Oh haal op ech hun nähmlech bessen eng Bletzparanoia mee et war jo weit ewech closed_eye
gi87 07.07.2010 - 10:13
Zum Gleck closed_eye
braddy 05.07.2010 - 10:28
Tiptop...hun daat nach net digital probeiert...
Hun awer Dia's gemach...ass dir wirklech gudd gelongen dei do smile
Keup 05.07.2010 - 11:11
War och meng eischten Keier. Dann scan mol sou en Dia an lued en erop.

Merci braddy
braddy 05.07.2010 - 11:24
Daat gett komplizeiert...sin geplennert an dei leien irgendwo um Speicher an engen vun 50 keschten...lol
Keup 05.07.2010 - 11:30
Hmmmm majo wanns de mol angeliewt bass an emol iwwert dei Kescht solls faalen dann wees de jo elo waats de muss man closed_eye)
braddy 05.07.2010 - 12:43
Jep...KP... smile
-Kiischti- 05.07.2010 - 12:59
Mega gail Foto smile
Mengen wanns de Blend na bessen mie zou gemaach häss, gengen Blëtzer nach méi définéiert rauskommen...
Ech war leider net do =( hu mech duerno mega opgereegt, war anscheinend mega spectakulär...
Keup 05.07.2010 - 18:17
Du hues jo rescht mee dann geseis de awer wahrscheinlech nemmen d'Bletzer an soss guer neicht. Mee probeieren dann dei nexten mech un dein Rot ze haalen an villeicht mat enger Duebelbeliichtung ze schaffen oder na mei am PS ze wurschtelen.

Merci closed_eye
gtaddei1 05.07.2010 - 13:18
ganz gudd geschafft .. hätt awer leiwer gehat dass du d'Luuchten aus gemét hass virun denmgem Auto...
Keup 05.07.2010 - 18:12
Hun leider keng mat puer Minuten Beliichtungszeit gemeet an wann ech eng ouni Autoluucht huelen ass se fiir komplett schwaarz.
gtaddei1 05.07.2010 - 20:03
mé et ass awer gudd ... et passt gud an d'compo
Keup 07.07.2010 - 09:49
merci gtaddei1 mee dei nexten Keier probeieren ech et awer sou weis du sos. closed_eye
gtaddei1 07.07.2010 - 09:55
Hopppla
Keup 07.07.2010 - 09:57
Photoapparat gefall?
gtaddei1 07.07.2010 - 10:36
nö geschméchelt
Keup 11.07.2010 - 21:28
closed_eye
gtaddei1 12.07.2010 - 00:04
Voilà Foto vun der Woch... verdingt
Keup 12.07.2010 - 09:51
Hat guer net domat gerechent well ech iwwerzeegt war den M-otiv geif gewannen.

Merci gtaddei1
gtaddei1 12.07.2010 - 10:15
Ben et hätten keinten vill aanerer nach wannen ... et hängt emmer vun wien oofstemmt... et ass esou Subjektiv ... mé d'Majoriteit huet rescht ... an meschtens iert dei sech och nett
Keup 12.07.2010 - 10:21
Keins recht hun an den Paul die Krake iert sech mengen ech och bal nie closed_eye
gtaddei1 12.07.2010 - 10:33
wien ass daat?
Keup 12.07.2010 - 13:32
Deen Tentenfesch deen d Previsiounen virun den Matcher vun der WM gemeet huet.
gtaddei1 12.07.2010 - 13:41
Och gott ... et as wouer ... dén haat jo alles viergesinn
Keup 12.07.2010 - 14:04
Jo ass krass closed_eye
Nathalie 05.07.2010 - 14:08
Immens schein Foto, gefällt ma immens gut, och immens schein Fuarwen. Ass wirklech gelongen smile
Keup 05.07.2010 - 18:10
Merci Nathalie, freet mech closed_eye
Poly 05.07.2010 - 16:21
gutt agefaangen, en Foto vum blëtz wei en se net oft gesäit, ganz flott Iddi
Keup 05.07.2010 - 18:09
Merci Poly. Bestemmt well et meeschtens beim bletzen reent wei eng s.....
an dofir dann net vill Fotoen gemeet gin.
Metalbambi 05.07.2010 - 16:26
Super! Probéier vläit nach en bëssen méi Kontrast an den Himmel ze kréien, dann ass se top. smile
Keup 05.07.2010 - 18:08
Jo hues rescht. Meng zweet dei na muss verschafft gin waert ech daat probeieren hin ze kreien.
suraki 05.07.2010 - 17:01
flott déin éischte Blëtz , ech hunn bis ewell nach keen erwescht smile
Keup 05.07.2010 - 18:07
Merci suraki.

Oh den Freideg haess de nemmen missen stativ opriichten closed_eye
tennes 11.07.2010 - 15:08
kann ech denen aneren nemen zou stemmen...closed_eye flotten moment.. smile farwen gefaalen ma och super...! Einfach schein bigsmile
Keup 11.07.2010 - 21:23
Merci tennes closed_eye
Keup 12.07.2010 - 09:46
Wow daat haett ech elo net geduet. Soen all deenen villmols merci dei mier eng Stemm gin hun awer och deenen dei kucken komm sin.

Yuhuuuuu closed_eye
Myk 12.07.2010 - 14:39
Ech fannen dei Foto einfach nemmen Top. Big up.
Ech hun et schon selwer probeiert an dass as jo wierklech guer neischt gin ...
Super Idee mat den Autospharen smile
Keup 12.07.2010 - 18:07
Merci Myk closed_eye

Majo ech hat eben d'Chance daess d'Donnerwieder sou laang gedauert huet an ech oft konnt probeieren closed_eye
Klod_Jektiv 24.05.2012 - 12:41
Wow ! (Y)
Keup 25.05.2012 - 14:16
Merci Klod closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 274 Gäscht online