Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Meng eicht...

 
All Fotoen an dëser Serie:
7397 Thumbnail
7398 Thumbnail
7399 Thumbnail
Meng eicht...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.06.2010
  • Gekuckt:
    38665
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    10.06.10; 20:48h
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Objektiv:
    Nikkor 12-24mm
Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46257]
Kommentar vum Fotograf:
... gebrauchbar HDRen.
Dei 1. hunn ech mat HDR Pro (PS CS5) zesummegesat an am Photomatix bearbecht, dei 2 aaner ausschließlech am PS.
Bei der 2. hunn ech selwer bessen ausprobeiert an bei der 3. hunn ech Angaben fum Scott Kelby benotzt, mee iergendwei gefahle mer se allenzwee net.

Rotschlei emmer wellkom!

(Wei kann ech mat HDR Pro lo en Projet am 32bit als .hdr ofspeichren? Merci am Vieraus!)
ploro 11.06.2010 - 07:53
dei eischt ass flott,
dei aner gefaalen mer net sou, dei drett ass zevill onnatierlech.
kruemelatease 11.06.2010 - 08:25
Gesinn ech genau sou wéi den ploro.

Zum Workflow: Du benotzt als éischt den HDR Pro (deen ech net hunn also och net kënnen) an dann de Photomatix. Am Fong, sou wäit ech dat als Amateur wees, geet den Photomatix duer fir DRI ze maachen, duerno kann een dann ganz klassesch den Ps huelen, fir nach e puer "Retouchen" ze maachen.

Dat ass am Fong mäin Worklflow.
gtaddei1 11.06.2010 - 09:23
Et setzt én d'Fotoen mamm Photomatix zesummen an saved én den HDR Bild am 32 bit. Dann de Tonemapping an egal wat fir én Programm (CS5 oder PM).
Kelby?... Do geif ech eischter den Shanty huelen ... besser fir den True Tone
braddy 11.06.2010 - 11:13
Jo dei eischt ass schons gudd...besser wei meng HDR...lol
Mecht Spaass mee ass awer och net esou einfach wei sech daat emmer unheiert...Ech schaffen den Moment just mam PS...vlait geet daat och net dur?

kruemelatease 11.06.2010 - 11:21
Also ech denken Photomatix ass fir DRI'en definitiv THE Programm!

Ass relativ einfach ze bedingen, alles geet mat Regleren.
Ech muss éierlech soen, dass ech net genau wéisst, wéi ech den Tonemapping géif a mengem Ps Cs3 (sinn nach bësse méi aalmoudësch !) géif maachen
david 11.06.2010 - 11:29
Fir mech gellt och: di éicht gefällt mer faarwlech. Allerdings technesch gesin häss du bessi d'Verzerrung kennen korrigéieren. zB um Ken Rockwell senger Seit stinn d'Werter dis du an den Verzerrungsfilter vum PS kanns antippen fir brauchbar Resultater ze kréien.

HDR Pro ass den HDR-Plugin vum PS, am CS5 heescht deen elo esou, mengen virdun hat en keen extraen Numm, vlt "Merge to HDR". Ech mengen hien wollt soen dass en den HDR Pro benotzt huet fir den Merge ze man, an dann ass en direkt mam Photomatix weidergefuer. Perséinlech man ech et och oft esou, well et an mengem Workflow manner resp manner opwendeg Etappen sin. Vue dass den HDR-Plugin vum PS am CS5 sech awer dramatesch verännert huet, denken ech ass et dowert do nach e puer Tester domadd ze man, bis lo hun ech dat na net gema. Vlt huet do een méi Erfahrung domadd?
Gaga 11.06.2010 - 11:45
hmmm , als HDR noob soen ech leiwer naischtbigsmile , mais ech geiff mengen wanns de t'saturatioun eraushells, dat se dann schon vill besser ausgesin !
Charel_L 11.06.2010 - 11:59
Ech soen ierch allegueren merci fier är hellefreich Kommentarer!

Wei den David et beschriwwen huet, hunn ech soss(bei mengen richteg eichten HDR'en) emmer den Merge to HDR am PS CS4 benotzt an dann onbearbecht als .hdr gepeichert an am PM bearbecht...

Ging mech freen, wann een ging wessen, wei een dat lo och am CS5 färdeg brengt, op Anhieb fannen ech neicht am Web)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 486 Gäscht online