Deng Foto gëtt haaptsächlech "komplex" doduerch dass du se an di "abstrakt" Kategorie gesat hues. An dësem Fall musse mir vun der Realitéit, wéi's du se weis, ofgesinn. Et bleift also een exzellente Cadrage deen awer bal eng kubistesch Approche viraus setzt fir däi Bild (am Ganzen, ouni Rummen dran ze gesinn) kënnen ze liesen. Och d'Faarwen sinn an dësem Fall "hors contexte", dat heescht dass si Näischt mat der Realitéit ze dinn hunn. Abstrakt gekuckt huet deng Foto en erstaunleche Volume, a glänzt duerch een exzellent Spill mat der Luucht: zemools di hell Téin op wäissem Hannergrond.
Wann ech deng Foto awer net abstrakt kucken, da fänkt se un ze liewen: si suggeréiert méiglech Geschichten déi eng an di aner Ambivalenz verzielen. Wann se virdrun méi intellektuell war, dann ass se lo méi emotional a méi spannend ginn well d'Fantasie gekëddelt gëtt.
Eng ganz schéin a bëssen komplizéiert Foto. Effektiv, Gennaro.
Merci Charel, däin Kommentar ass esou räich un Konzepter mä et reflektéiert meng Intentioun... Dofir hunn se och e puer mol al Komplex (mä nett komplizéiert) definéiert.
Kubistesch , jo eng aart synthetesch Art an Weis fir eng Geschicht (oder Idee) duerzestellen.
Abstrakt well et net direkt ass, ech mengen et muss é kucken , Direktioun de Lektür ass net einfach hei , mä et ass acceptabel. De Cadrage (puer) ... ech hätt technesch kéinten d' iwwerschneiden vum Personnage mat dem lenken Cadre evitéieren , mé ech wäert net méi dohinner goen an d'Foto frësch maachen.. dei bleift einfach esou.
De Wäissen Hannergrond léisst dann och de Fotografeschen Volumen herfirkommen .
De Volume sinn dei Schwierwend Kaderen dei do "hänken" an esou Geometresch dohinner geneelt dat een en "Zéchnereschen" Cube gesäit.
Intellektuel fir d'eischt an dann rouesch ginn mat de Gedanken fir dat och Emotiounen "schwätzen" kennen ... ech sinn mat dir d'accord.
Phantaisie ass nés eng Résultante vun der Emotiviteit ...
Merci Charel... ech sinn extrem frou iwer dein Kommentar ...
PS:
Wann ech enger Säits stark beaflosst sinn vum Jean Claude sengen Fotoen , sinn gerad esou stark beaflosst vun denger Art an Weis , villäicht ass dat well een duerch déi Gemeinsam Arabescht beanflosst gett op eng bestemmten Weis ze denken an ze spieren leiert (oder wéinstens esou kéint sinn )
Dat mat der Aarbecht, Gennaro,
dat ka ganz gutt sinn. Well, och wa mir Eppes gesinn, froe mir eis trotzdem vu wou dat hirkënnt. An da si mir erëm bei de Griichen: "anamnèse". Eng "katamnèse" ass bal ni néideg.
Daat ass eng vun mengen Lieblingsfotographinen dei do grad am Mudam ausstellt!
Nan Goldin heescht dei gudd Fra, wierklech saugudd!
Mee deng Foto fannen ech awer och flott gesin!
Ganz richtesch... et keint én jo soen dat hai keng Auteurenreschter gefrot ginn sinn , D'Foto ouni Flash ass am Mudamm erlaabt ... an ech hunn d'Inseneirung gebraucht fir eng aaner Fotomze machen ...
Merci
Ech hun déi lo eréischt an der Wochenofstëmmung entdeckt: immens subtil, éischtens wéinst der duebeler Reflektioun an zweetens, wéi's de d'Fra - déi d'Fotoe kuckt - plazéiert hues, fir dee selwéchte Bléck op déi zwee "Nu'en" ze geheien.